Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Handball-Championnat: Kloer Victoire bei den Häre fir Dikrech, 3 Punkten och fir Rëmeleng a Käerjeng

Bei den Damme konnte sech de Museldall, Diddeleng an Esch duerchsetzen.

Well bei den Hären dëse Weekend esouwuel Bierchem wéi och Diddeleng am EHF European Cup am Asaz waren, goufe just dräi Partien am Championnat gespillt.

Axa League Hären

Käerjeng ass schonn als Favorit op Bouneweg gereest, ma d'Heemekipp sollt et hinne ganz laang ganz schwéier maachen. Vun Ufank un huet sech keng Ekipp wierklech ofgesat, mol waren déi eng 2 oder 3 Goler vir, mol déi aner. An der Paus stoung et 13:12 fir d'Gäscht aus Käerjeng, ma den Standard konnt no 42 Minutten hei en 18:18 draus maachen. Dono awer hunn déi Käerjenger e 4:0 fäerdegbruecht a sech no knapp 46 Minutten nees e bëssen ofgesat. Vun dësem Ecart konnten d'Gäscht profitéieren an en nach weider ausbauen, och, well de Standard an de leschte bal 18 Minutte just 2 Goler geschoss huet. Käerjeng wënnt dann duerch eng staark Schlussphas kloer mat 27:20 um Standard.

An der Lutte ëm déi sechste Plaz am Championnat goung et an dësem Match fir béid Ekippen ëm vill. An den éischte fënnef Minutte war et eng ausgeglache Partie, ma dono huet sech Dikrech lues a lues ofgesat. No 15 Minutte stoung et schonn 11:5, an der Paus 17:11 an no 45 Minutten 23:17. An de leschte 15 Minutte konnt Dikrech sech nach weider liicht ofsetzen, esou datt zum Schluss eng 31:21-Victoire erausspréngt.

D'Gäscht waren däitlech besser an de Match gestart an haten no knapp 11 Minutten en Avantage vu 4 Goler, deen se esou och beim Stand vun 17:13 mat an d'Paus huele konnten. Déi Schëfflenger awer hunn nom Säitwiessel hir Qualitéite bewisen an hunn nach an den éischten 10 Minutten nom Téi opgeholl, dat beim Stand vun 19:19. Dono huet Rëmeleng ëmmer nees virgeluecht, ma konnt sech net wierklech e Puffer erausspillen. 5 Minutte viru Schluss war beim Stand vun 28:26 fir d'Gäscht zwar nach alles dran, mä Rëmeleng konnt de klenge Virsprong gutt verwalten an déi dräi Punkte mathuelen, dat mat 31-29.

Axa League Dammen

Am zweete Match vun dëser Saison konnten déi Miseler Dammen hir éischt Victoire feieren, doheem konnte si sech 23:20 géint den HC Standard duerchsetzen. Et war eng Partie, wou sech laang keng Ekipp wierklech konnt ofsetzen. Zu engem Moment, no bal 40 Minutten, war d'Heemekipp 19:12 am Avantage, ma an de leschten 20 Minutte koumen d'Damme vu Bouneweg nees bäi a konnten op 20:22 verkierzen, éier d'Ekipp vu Maacher quasi mam Schlusspëff den 23:20 markéiere konnt.

Ni a Gefor war d'Victoire vum HB op der Red Boys. Schonn an der Paus war een 15:6 vir, en Ecart, deen een och bis zum Schluss bei der 28:19-Victoire hale konnt. Et ass fir Diddeleng déi zweete Victoire am zweete Match, fir Déifferdeng ass et déi éischten Néierlag.

Schonn e Freideg den Owend konnte sech déi Escher Dammen doheem kloer géint Bieles duerchsetzen.

RTL