Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Handball: Esch wënnt kloer zu Käerjeng

E Freideg stoung den absolutte Spëtzematch vum 5. Spilldag vun de Playoffen um Programm, andeem den Éischten op den Zweete getraff ass.

Ma dat, wat de Pabeier versprach hat, huet een um Terrain net wierklech gesinn. Déi éischt 9 Minutte war d'Partie nach ausgeglach, zu deem Ament war Esch mat 6:5 am Avantage, ma dono hu si dorausser ganz séier, an zwar bis zu der 17. Minutt e 6:12 gemaach. An deen Ecart sollte Muller a Co nach bis d'Paus op 13:20 ausbauen. Mat esou engem Ecart léist et sech och einfach opspillen an dat hunn déi Escher och gemaach. Si konnten zwar an den zweete 45 Minutten hire Virsprong net wierklech däitlech weider Ausbauen, ausser an de leschten 8 Minutten, wéi si se 4:0 op den Terrain bruecht hunn, ma si hu Käerjeng awer och ni no u sech erukomme gelooss. No 49 Minutte gouf et beim 29:24 de kierzten Ecart an der zweeter Hallschent aus Siicht vun den Escher, déi d'Partie zum Schluss kloer mat 35:26 konnte gewannen