Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Handball-WM: Dänemark trëfft an der Finall op Frankräich

Op der Handball-Weltmeeschterschaft waren e Freideg d'Plazéierungsmatcher an d'Halleffinallen.

An der éischter Halleffinall konnt sech Dänemark géint Spuenien mat 26:23 duerchsetzen. Zwar waren d'Däne schonn an der Paus 15:10 am Avantage, ma d'Spuenier konnte sech zeréckkämpfen an et stoung no 49 Minutten nach just 20:19 fir d'Dänen. An de leschten 10 Minutte konnte si sech och Dank hirem staarke Keeper Niklas Landin behaapten.

Frankräich krut et an der zweeter Halleffinall mat Schweden ze dinn. An den éischten 10 Minutte war béid Ekippen nach gläich op, ma dono konnt Frankräich sech lues a lues ofsetzen, esou datt et beim Säitewiessel 16:12 fir eis Nopere stoung. Deen Ecart ass nach bis op bis 19:15 eropgaangen, ma dono koumen d'Minutte vun de Schweden a si koume bis op 22:24 bäi, dat 12 Minutte viru Schluss. Ma Frankräich huet d'Nerve behalen an hire Virsprong innerhalb vu 5 Minutten nees op 5 Goler ausgebaut. Zum Schluss wannen d'Fransousen dës Partie kloer mat 31:26 a stinn esou als zweete Finalist fest.

Déi Däitsch hu sech um Freideg am Nomëtteg no Verlängerung mat 35;34 géint Ägypten fir de Plazéierungsmatch ëm déi 5. Plaz qualifizéiert. Do treffe si op d'Norweger

D'Finall gëtt e Sonndeg um 20.30 Auer gespillt, d'Spill ëm déi drëtt Plaz um Podium ass virdrun um 18 Auer an de Match ëm d'Plaz 5 um 15.30 Auer.