Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Handwierkerfederatioun a Chambre des Métiers: D'Regierung muss unerkennen, dass de Bautesecteur an der Kris ass an handelen

D'Kris am Bausecteur wier reell a géif esouwuel d'Entreprisen ewéi och d'Persounen, déi op der Sich no engem Logement sinn, treffen.

Esou heescht et an engem gemeinsame Schreiwes vun der Handwierkerfederatioun an der Chambre des Métiers.

Iwwerdeems géif an den Debaten iwwer d'Kris vum Logement dacks e falschen Amalgamm tëscht de Promoteuren an de Bau-Entrepreneure gemaach ginn.

De Bautesecteur géif aktuell eng 4.000 Entreprisen a 60.000 Employéeën zielen. Déi duerchschnëttlech Entreprise hätt deemno 15 Ugestallter.

Och wann dacks géif gemengt ginn, dass d'Betriber aus dem Secteur wärend de leschte Joren enorm grouss Margen agestach haten, géif d'Realitéit e méi düstert Bild zeechnen. An der Moyenne hätt eng Entreprise aus dem Secteur nämlech eng Rentabilitéit vun tëscht 5 an 9 Prozent. E Véierel vun den Entreprisen géif esouguer mat enger Perte operéieren.
Weiderhi géif aus enger rezenter Enquête vun der Chambre des Métiers ervirgoen, dass 49 Prozent vun de Betriber zejoert op hir Reserven zeréckgegraff hätten, an dass 12 Prozent dovun ausgoe géifen, dass si dat dëst Joer wäerte maache mussen.
Aus dësen Donnéeë géif ervirgoen, dass vill Entreprisen net déi néideg finanziell Moyenen hätten, fir hiren Effektiv un Ugestallten ugesiichts vun der Baisse vun der Demande ze halen. An deem Kontext erënneren d'Handwierkerfederatioun an d'Chambre des Métiers och nach eng Kéier dorun, dass vill Betriiber wéinst der schlechter Konjunktur däitlech manner Opträg an hire Cahiers de commande stoen hätten.
Deemno géif et e reelle Risk ginn, dass e signifikanten Deel vun de Betriber an der zweeter Hallschent vum Joer an eng Situatioun geréit, an där se net méi genuch Aarbecht fir hir Aarbechter hunn.

An deem Kontext riichten d'Handwierksbetriber en urgenten Appell vun d'Regierung. Dës misst d'Realitéit vun der Kris am Secteur erkennen a sech mat den Entreprise koordinéieren, fir déi néideg Mesuren an d'Weeër ze leeden.