Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Handwierkerkummer schléit Alarm: Kleng- a mëttelstänneg Konstruktiounsentreprisë riskéiere Faillite

D'Kris ass definitiv um Bau ukomm. D'Handwierkerkummer weist sech alarméiert a beleet dëst mat Chifferen.

Sou hätten 80% vun alle Baufirmen nach e Carnet de commande vun engem hallwe Joer an duerno wier et eriwwer mat de Projeten. Am Bausecteur geet een dovun aus, datt dëst Joer mat nëmmen nach 2.300 fäerdege Wunnengen der ronn 1.500 manner gebaut ginn, wéi geplangt.

De Secteur vun den neie Wunnenge fir privat Leit wier reegelrecht zesummegebrach, sou d'Chambre des Métiers.

Dofir lauden d'Klacken um Bau op eng alarmant Manéier: gefuerdert gi vun der Regierung séier zäitlech-limitéiert Mesuren nach virum Summer fir datt absënns kleng- a mëttelstänneg Konstruktiouns-Betriber net an d'Faillite rëtschen. Dee Risk wier reell an dofir misst de Staat lo séier seng Responsabilitéiten iwwerhuelen, sou d'Chambre des Métiers.