Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Hearing vum Klimabiergerrot: Gréisser Diskussiounen iwwert d'CO2-Steier

Um Krautmaart war e Mëttwoch den 2. Deel vum Hearing vum Klimabiergerrot. D'Memberen hunn do déi aner Hallschent vun hire 56 Propositioune presentéiert.

Am Kapitel an deem et ëm Erneierbar Energien an d'Reduktioun vun CO2-Emissioune goung, gouf et eng duebel Propos iwwert déi relativ vill diskutéiert gouf.

Klimabiergerrot Hearing 2 / Reportage Dany Rasqué

De Klimabiergerrot schléit vir, d'CO2-Steier däitlech eropzesetzen a se dann esou op d'Populatioun ëmzeverdeelen, datt d'Steieren um Enn un deenen hänke bleiwen, déi iwwerduerchschnëttlech vill Emissiounen an d'Loft blosen.

D'Marion Lorentz-Gottardi aus dem Klimabiergerrot explizéiert dës Iddi: "Dat funktionéiert esou, datt een deen duerchschnëttlech Emissioune mécht seng Steieren erëm vum Staat zeréckkritt. Dee bezilt also netto näischt. Een dee manner Emissioune wéi den Duerchschnëtt mécht, kritt méi erëm wéi e bezuelt huet. Dat ass e Bonus fir geréng Emissiounen. Déi Leit mat héijen Emissiounen, dat sinn déi, déi méi bezuelen an et si genee déi, déi eigentlech mat dëse Moossname solle besteiert ginn."

De Sven Clement vun de Piraten huet et eng couragéiert Iddi genannt, gëtt awer eppes ze bedenken: "Dat ass, datt äre System géif viraussetzen, datt d'Leit Vertrauen an de Stad hunn, datt se déi Suen och tatsächlech erëmkréien an zwar bannent kuerzer Zäit. Dat heescht, datt u sech e Vertrauensvirschoss néideg ass an dat grad an enger Zäit, wou mer an enger Vertrauenskris si wat déi ëffentlech Institutiounen ugeet."

De Paul Galles vun der CSV wollt wëssen ob de Klimabiergerrot sech och Gedanken driwwer gemaach huet, datt et duerch dës Proposen zu engem Abroch vum Tanktourismus kéint kommen.

"Hutt der Iech déi Fro gestallt a wéi äntwert Dir op déi Fro, wa gesot gëtt, da geet eng hallef bis eng ganz Milliard u Staatsrecette verluer? Wéi kann een dat opfänken? Kompenséieren? Vläicht gëtt et jo eng Kéier en elektreschen Tanktourismus?"

Besser net, seet de François Benoy vun déi Gréng: "Ech géif virdru warnen, ze soen, dass mer elo aus engem Tanktourismus op fossillen Energien zu engem E-Tanktourismus sollten eriwwer goen. E-Mobilitéit funktionéiert jo anescht, esou dass een am optimale Fall do luet, wou ee wunnt oder akeeft."

De Klimabiergerrot huet sech mat deem Gedanke beschäftegt, äntwert Marion Lentz-Gottardi.

"Mir musse schéi lues eis domadder beschäftegen, dass den Tanktourismus ofhale wäert an och ofhuele soll, wa mer op 0 Prozent Emissiounen histeieren."

"Den Ausstig aus dem Tanktourismus kënnt op mer et wëllen oder net", seet och de liberale Max Hahn, also misst ee sech Alternativen iwwerleeën.