Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Héich Stroumrechnung fir Fournisseuren: Liewensmëttelpräisser ginn dëst Joer méi deier

Jidderee spiert et am Portmonnie. No der russescher Invasioun an der Ukrain huet sech an Europa net nëmmen d'Sécherheetssituatioun verännert.

Och d'Versuergung vun de Liewensmëttel huet changéiert. D'Präisser vun Iessen a Gedrénks sinn am Joer 2022 a ganz Europa esou staark geklomme wéi nach ni. An der Moyenne bezilt de Client tëscht 10 a 15 Prozent méi wéi nach dat Joer virdrun. Ma d'Inflatioun wäert sech och 2023 Joer weider duerchschloen. Bananne ginn e gutt Stéck méi deier – Lagerkäschte verfënneffach

D'Banannen ass mat dat beléiftstent Uebst zu Lëtzebuerg. Mä de Präis vum Uebst mat Originn aus Südamerika riskéiert weider an d'Luucht ze goen. De Grond: Energiekäschten. Fir net gréng am Buttek ze leien, gëtt d'Uebst a Killraim gelagert, fir zeideg ze ginn an dat gëtt aktuell deier, esou de Christophe Vandenbroeck, Direkter vun engem Site, dee spezialiséiert ass, fir Uebst ze lagere bis, datt et zeideg ass:

"D'Palette koumen um Hafen zu Anvers un a kommen originell aus dem Costa Rica. Hei gi se tëschegelagert, fir datt den Zyklus, fir d'Uebst zeideg ze kréien, kann ufänken. Deen dauert tëscht 5 a 6 Deeg. Da gi se bei de Client geliwwert. Dat ass meeschtens déi grouss Distributioun a Supermarchéen."

Eng 90.000 Käschte Banannen aus Südamerika ginn hei an der Belsch all Woch duerch d'Killraim. Gutt gréng komme se un. Giel a prett fir de Client gi se weider ausgeliwwert. Bis dohi gi se gekillt - bei konstante 15 Grad. D'Stroumrechnung heifir huet sech verfënneffacht. De Christophe Vandenbroeck erkläert:

"D'lescht Joer hate mer eng Stroumrechnung vun ongeféier 350.000 Euro. Fir dëst Joer – op d'Tariffer vun den éischte 3 Méint gerechent – wäerte mer op 1,6 Milliounen Euro kommen. Dat si vill Suen."

Alimentatioun zu Lëtzebuerg gëtt 2023 méi deier

Eng Hausse vun der Matière première mat der Pandemie, Schwieregkeete mat Energiereserven a Dünger duerch de Krich - a Problemer beim netzen duerch d'Klimakris. D'Lëscht u Käschtepunkten zitt sech. Ob Banannen, Zalot, Fësch oder de Bifdeck vu Lëtzebuerg, 2023 bréngt Haussen an der Alimentatioun mat sech. 20 Prozent sinn et beim Fleesch, beim Uebst ass et allerdéngs eng kuerzfristeg, saisonsbedéngt Hausse vu bis zu 50 Prozent. De Jo Studer, Lëtzebuerger Liewensmëttel-Fournisseur:

"An Holland an an der Belsch hu verschidde Produzenten iwwert de Wanter opgehalen, ze produzéieren. Déi maachen hir Zären zou, well et ze deier am Stroum a Gas gëtt. A wa keng Produktioun do ass, da feelt esou vill Wuer um Marché an de Präis geet an d'Luucht."

De Wanter huet Schwieregkeete gemaach

Am Abrëll/Mee, wann de Marché am Süde vun Europa nees un d'Rulle kënnt, wäert d'Situatioun sech nees fir verschidde Produiten e bësse berouegen, hofft den Associé-Gérant. Ma och d'Produite "Made in Luxembourg" gi méi deier, esou zum Beispill d'Fleesch.

"De Präis gëtt am Ausland gemaach. Beim Schwéngefleesch ass et zum Beispill esou, datt Däitschland de Marché diktéiert a Länner ewéi Lëtzebuerg sech och beim Präis un den Däitschen orientéieren. A soulaang de Konflikt, a sou laang d'Energiekris ass, wäerten déi Präisser och net falen."

De Konsument huet net vill Choix a passt sech un. Amplaz vum Filet gëtt et deemno dann och emol e Ragout.