Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Horesca fënnt: "Restaurateure solle fräie Choix hunn, ob a wéi se Krunnewaasser ubidden"

Gutt all zweet Gedrénks, wat mëttes an de Restaurante bestallt gëtt, ass Platt- oder Spruddel-Waasser.

Déi Lénk fuerderen an enger Motioun, datt och Krunnewaasser misst ugebuede ginn. D'Horesca huet elo eng Testphas lancéiert, wou soll gekuckt ginn, wéi dës Offer bei de Clienten ukënnt. De Ryck Thill huet mat de Leit aus dem Secteur geschwat.

50 Betriber uechtert d'Land maache bei engem Pilot-Projet mat. Virop am Summer, seet eng Patronne, wier d'Demande no Krunnewaasser grouss.

Dat misst dach eigentlech an all Lëtzebuerger Café a Restaurant méiglech sinn, soen déi Lénk. Si fuerderen, datt Krunnewaasser iwwerall op d'Gedrénkskaarte stoe kënnt. D'Lëtzebuerger Krunnewaasser hätt eng ganz gutt Qualitéit a wier méi nohalteg wéi Waasser aus der Fläsch.

D'Horesca huet fir de Pilot-Projet, deen elo lancéiert gëtt, e puer Honnert dëser Fläsche bestallt. D'Krunnewaasser soll de Clienten a Glasfläschen zerwéiert ginn. Dës Fläschen hunn e Stopp a loosse sech gutt spullen.

Ee Punkt ass der Horesca besonnesch wichteg. Et misst een onbedéngt de Restaurateuren de fräie Choix loossen, ob an zu wéi engem Präis se Krunnewaasser wëllen ubidden.