Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Horesca-Generalsekretär: Secteur um gudde Wee: "Den typesche Bistro ass amgaang ze verschwannen"

E Méindeg hat d'Horesca hir Generalversammlung. Am Interview erkläert hire President François Koepp, wéi sech de Secteur vun der Restauratioun verännert.

D'Leit ginn hier Suen anescht aus wann se an de Restaurant ginn, dat sot de Generalsekretär vun der Horesca, François Koepp, am RTL-Interview.

Horesca-Generalsekretär: Secteur um gudde Wee

E Méindeg hat d'Horesca hir Generalversammlung. Am Interview erkläert hire President François Koepp, wéi sech de Secteur vun der Restauratioun verännert.

Dei eng verzichten op den Aperitif, anerer ginn net méi sou dacks eraus Iessen.

Den Télétravail wier fir den Horeca-Secteur e Käschtepunkt, esou den Invité am Journal, 7,5 Milliounen Euro géif een doduerch pro Woch manner Ëmsaz maachen.

Net genuch Personal

Am Horeca wier et schwiereg déi Leit ze fannen déi ee brauch. Besonnesch schwéier hunn et den Ament d'Caféen a Bistroen. Aktuell géif et der nach 752 uechtert d Land ginn, 1980 hat een der 1650. A ville Gemenge géif et lokal Initiative ginn, fir de Café nees an d'Duerf ze bréngen. De François Koepp:"De sozialen Treffpunkt ass haut de Café. Et gëtt keng Kierch méi, et geif ee bal soen et gëtt kee Metzler a kee Bäcker méi an de Café ass nach dee leschte soziale Punkt wou d Leit kennen hinner goen, fir sech ze gesinn an auszetauschen."

Hotellerie kënnt zou sech

De Business-Tourismus wier nees do, de Kongress-Tourismus géif awer nach feelen, grouss Hoffnung mécht de Fräizäit-Deel aus.

De Client géif ëmmer méi spéit decidéiere wou a wei e reest, eng Tendenz déi een och bei de Reservatiounen am Restaurant mierkt, esou de François Koepp.