Den "Ian" hat sech iwwer Florida fir d'éischt ofgeschwächt, iwwert dem Atlantik dunn awer nees u Stäerkt gewonnen.
Den Hurrikan "Ian" huet de leschten Informatiounen no op d'mannst 23 Mënscheliewen a Florida kascht. Verschidden amerikanesch Medien, dorënner CNN, schwätze souguer scho vu 45 Doudesaffer.
De Stuerm ass mat dee schlëmmsten Hurrikan, dee jee a Florida u Land getraff ass. Et geet och Rieds vun engem "historesche Materialschued". D'Waasser wier plazeweis sou héich geklomme wéi nach ni. Antëscht ass den Ian a South an North Carolina an am Virginia ukomm. Do haten e Freideg den Owend eng 575.000 Stéit kee Stroum.
Den "Ian" hat sech iwwer Florida fir d'éischt ofgeschwächt, iwwert dem Atlantik dunn awer nees u Stäerkt gewonnen. A South Carolina gouf wéinst dem Hurrikan den Noutstand deklaréiert. Den US-President Joe Biden huet d'Bevëlkerung dozou opgeruff, sech un d'Uweisunge vun den Autoritéiten ze halen. De Wierbelstuerm ass e Freideg den Owend mat Wandvitesse vun 140 Stonnekilometer an der Géigend vun der Stad Georgetown un der Atlantikküst nees op Festland getraff, dat huet den nationalen Hurrikanzentrum NHC matgedeelt.