Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Ierpeldeng: Mat geklaute Saachen am Auto virun der Police geflücht

Zu Ierpeldeng waren zwee Männer mat geklaute Géigestänn am Auto ënnerwee an zu Esch hat e Chauffer ze déif an d'Glas gekuckt.

Géint 12.30 e Sonndeg de Mëtteg war an der Rue du Pont zu Ierpeldeng enger Patrull vun der Police en Auto opgefall, deen net richteg ugemellt war. D'Beamten haten de Chauffer doropshi mat bloer Luucht a Sireen dozou opgefuerdert, stoen ze bleiwen. Dëse war der Opfuerderung allerdéngs net nokomm a mat sengem Auto op e Wee gefuer, deen an de Bësch an Direktioun Bierde féiert. Nodeems den Auto no e puer honnert Meter um Enn vum Wee ukomm war, haten de Chauffer a säi Bäifuerer nach probéiert, zu Fouss ze flüchten. No enger kuerzer Poursuite hu si sech dunn erginn.

Am Auto, mat deem si ënnerwee waren, hunn d'Beamten eng Partie geklaute Géigestänn fonnt. Den Auto war iwwerdeems weder ugemellt, nach verséchert. Ausserdeem war de Contrôle Technique net konform an d'Steiere waren net bezuelt. Dozou koum dann nach, dass de Chauffer kee valabele Fürerschäin hat. Ausserdeem hat den Drogeschnelltest e positiivt Resultat gewisen. Den Auto an déi geklaute Géigestänn goufen op Uerder vum Parquet saiséiert.

Géint 1.00 Auer e Méindeg de Moien, war enger Patrull vun der Police dann en Automobilist opgefall, deen um Boulevard John F. Kennedy an der Stad am Zickzack ënnerwee war. Wéi d'Polizisten de Chauffer doropshi kontrolléiert hunn, huet sech sech erausgestallt, dass hien ze vill gedronk hat an dass schonn e provisorescht Fuerverbuet géint hie virlouch. D'Beamten hunn doropshin dem Mann säi Fürerschäin agezunn an eng Plainte géint hien deposéiert.