Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Ilres: 91% vun de Stéit geheie reegelméisseg Liewensmëttel an d'Poubelle

RTL

Dat geet aus enger Etüd vun Ilres ervir, déi en Donneschdeg am Kader vun dem internationalen Dag vun der Liewensmëttelverschwendung presentéiert gouf.

An der Etüd koum och eraus, datt méi dacks Menagë mat méi Persoune Liewensmëttel verbëtzen. Zum groussen Deel wieren d'Leit sech awer bewosst, datt ze vill Liewensmëttel ewechgeheit ginn.

Et misst een trotzdeem weider sensibiliséieren, sot de Landwirtschaftsminister Claude Haagen. Besonnesch doriwwer, datt et en Ënnerscheet gëtt tëscht engem Mindesthaltbarkeetsdatum an engem Verfallsdatum. 84 Prozent vun de befrote Stéit konnten nämlech hei keng kloer Definitioun nennen.