Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Impfschied: 3 Persounen no Impfung géint H1N1-Influenza-A-Virus indemniséiert

Wéinst der Schwéngsgripp-Impfung an de Joren 2009/10 kruten 3 Leit eng Indemniséierung vum Staat. 7 Dossiere wéinst Covid-19-Impfung gi grad iwwerpréift.

Am Gesetz vum 4. Juli 2000 ass festgehalen, dass de Staat Leit finanziell indemniséiert, déi duerch eng gesetzlech verflichtend oder recommandéiert Impfung entweder verstuerwe sinn, oder mat enger dauerhafter kierperlecher Invaliditéit ze kämpfen hunn.

Op Nofro hin deelt de Gesondheetsministère mat, dass bis elo 3 Leit indemniséiert goufen, dëst wéinst Impfschied am Zesummenhang mat der Impfcampagne géint d'Gripp A (H1N1 Virus), besser bekannt als Schwéngsgripp, aus de Joren 2009-2010.

Wéinst de recommandéierte Covid-19-Impfunge si bis elo 7 Demandë vu Leit beim Staat agereecht ginn. Déi Dossiere sinn aktuell nach an der Instruktioun. Fir dass déi Dossiere kënne beaarbecht ginn, mussen d'Leit all medezinesch Dokumenter iwwert déi sougenannten Impfschied mat hirer Demande beim Staat erareechen, fir dass déi néideg medezinesch Expertise kënnen duerchgefouert ginn.

Bis elo hu sech 36 Persoune wéinst Laangzäiteffekter no enger Covid-19-Imfpung gemellt. Dozou gehéieren zum Beispill Péng an de Muskelen a Gelenker, Middegkeet, neurologesch Stéierungen, Häerzrhythmusstéierungen, Blutthéichdrock oder Problemer mat den Aen.