Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Inauguratioun vum neie Lycée Michel Rodange: Neie Restaurant, neie Festsall, méi Klassen a Plaz fir 1.600 Schüler

All Rentrée bréngt nei Verännerunge mat sech. Sief dat am Stonneplang, an der Klass oder einfach e ganz neit Schoulgebai.

Déi éischt Schüler hu schonn am September d'lescht Joer dat neit Gebai vum Lycée Michel Rodange ze gesi kritt. Dëse Méindeg – e Joer a vill Chantier méi spéit – gouf de Lycée um Geesseknäppche offiziell ageweit. Aktuell sinn et eng Ronn 1.500 Schüler vu 7ième bis 1ière déi an der Schoul, déi nom Lëtzebuerger Schrëftsteller a Poet benannt ass, ageschriwwen.

Véier Joer laang waren d'Schüler aus dem Lycée fort vun Doheem an engem Nopeschgebai installéiert. D'Renovatioun ewéi d'Extensioun vum Lycée waren néideg ginn, well virop d'Zuel vun de Schüler déi lescht Jore staark geklommen ass a vill Infrastrukture vum Gebai um Enn vun hirem Liewen ukomm waren, seet den Direkter Jean-Claude Hemmer.

"Verschidden Elementer goufe gehalen, well se och einfach zum Gebai gehéieren. Dorënner och d'Fassade. Mä déi huet esou misse bleiwen, well se droend ass. Dat heescht, dat Gebai gesäit vu baussen esou aus, mä wann een dës géif ewechmaachen, géif d'Gebai zesumme falen."

Zeréckbehale goufen och Deeler vum originale Buedem vu fréier. Deen op deem scho zéngdausende Schüler getrëppelt sinn. D'Schüler weise sech zefridden, wann och e bësse melancholesch:

"Et fillt sech e bësse u wéi Septième, wou mer deemools déi éischte Kéier hei waren. Mä et ass mëttlerweil alles e bësse méi flott, e bësse méi schéin, méi modern."

"Et ass einfach vill méi grouss, méi hell, méi oppen. Ech hunn d'Gefill, datt ee vill méi Grénges gesäit, wann een aus der Fënster kuckt."

"Mir ware fréier ganz dacks ënne bei de Casieren am Keller. An et war elo relativ komesch, well ech d'lescht Joer mäi Klassesall do hat. Mä déi ganz Rei vu Casieren ass elo einfach fort. An et war ëmmer déi Plaz wou mir als Septièmen houngen. Ech vermëssen dat schonn e bëssen."

Effektiv gëtt vill mat natierlecher Luucht geschafft. En neie Restaurant, e grousse Festsall, a virun allem méi Plaz fir de Sport a fir d'Sport-Klasse sollen déi Jonk gutt encadréiere a motivéieren, seet hiren Direkter.

"Mir hunn op den Diech eng Beplanzung. An um Daach vum neie Gebai hu mer eise pedagogesche Gaart. Eng Zone mat enger klenger Wiss, wou mer aktuell och scho Beien hunn. Hei kënnt nach eng Zär dobäi. Um Haaptgebai soll och nach eng Photovoltaik-Installatioun drop."

50 Joer méi spéit erënnere vill Elementer un de Bau aus de 70er Joren. 1.500 Schüler sinn op 85 Säll verdeelt. Ma och hei um Geesseknäppche riskéiert een, déi nächste Joren nees un d'Limitt vun de Kapazitéiten ze stoussen, well et ass just Plaz fir 1.600 Schüler.