Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Inclusioun am Kultursecteur: Mosaik Kultur Inklusiv ass gegrënnt ginn

Kulturell a sozial Institutiounen wéi och Kënschtler schaffen zesummen, dass jiddwereen un der Kultur deelhuele kann.

De Kultursecteur ass e Beräich, dee vu senger Natur aus oppen ass fir alles a jiddwereen. Leider gëtt et awer och an der Kultur nach Barrièren. Leit mat enger Behënnerung sinn dacks mat Problemer konfrontéier, déi an der Gesellschaft just wéineg thematiséiert ginn. En Ausfluch an en Theater oder e Musée kann zum Challenge ginn.

 D’Netzwierk MOSAIK KULTUR INKLUSIV ass viru kuerzem gegrënnt ginn an setzt sech dofir an, eventuell Barrièren am Domaine of ze schafen.

Inclusioun ass e breede Begrëff. E beschreift de Prozess, dass eis Gesellschaft oppe fir jiddweree soll sinn, an dass all Mënsch un allem deelhuele kann. Leider si grad Mënsche mat Behënnerunge nach dacks ausgeschloss. E ganz wichtege Facteur ass, dass Mënsche mat Behënnerungen oft mengen, en Theater oder e Musée wier keng Plaz fir si. Si stelle sech ganz vill Froen: Wéi kommen ech do eran? Sinn do Trapen? Ass de Wee wäit? Wat maachen ech, wann ech muss eraus? Dat ass fir si en immense Stress. Gëtt eis eis d'Peggy Kind vum Mierscher Kulturhaus a Matgrënnerin vum neie Netzwierk Mosaik Kultur Inklusiv als praktescht Beispill.

Accès ass awer net deen eenzege Punkt, op deem mussen Efforte gemaach ginn. Och musse Kënschtler mat spezifesche Bedürfnisser ënnerstëtzt ginn, dass se d'Méiglechkeet hunn, sech etabléieren ze kënnen a professionell ze schaffen.

RTL

Fir d’Inclusioun ze fërderen, huet d’Mierscher Kulturhaus mat enge 10 Partner aus dem sozialen a kulturellen Domaine elo d’Netzwierk MOSAIK KULTUR INKLUSIV gegrënnt. Zesummesetzung vum Grupp ass villfälteg, et si Muséeën dobäi, Theateren, Strukturen aus dem soziale Beräich, Danzinstitutiounen an nach méi.

Zil ass, dass d'Inclusioun an alle Beräicher vertrueden ass an dass Projeten eventuell tëscht de Memberen zirkuléiere kënnen. Esou, dass et net just een Haus gëtt, wat op Inclusioun spezialiséiert ass, mee dass dat ganz dréint an eng national Visibilitéit kritt, seet eis d'Peggy Kind.

Zesummen hu se e ganze Programm ausgeschafft, fir d'Thema un d'Acteure vum Kultursecteur, an och un d'Leit ze bréngen. D'Peggy Kind gëtt Beispiller aus dem Programm:
Do gëtt et ganz verschidde Saachen. Do hutt der eng inklusiv Agence, fir Kënschtler an der Situatioun vun engem Handicap ze vermëttelen u Galerien oder un aner Haiser. Mer hu Konferenzen zum Thema Kultur an Inclusioun, en Theaterstéck wou d'Thema Behënnerung och Explizitt gewise gëtt op der Bün, also dat ass et Stéck vun zwee Jugendlecher, vun deenen een am Rollstull sëtzt, mer hu Kannerstécker, déi Gebäerd ginn, an nach méi. Mer wollte wierklech eng ganz Panoplie ofdecken.

Jiddweree kann a soll Accès zu Kultur hunn a Kënschtler mat Behënnerung sollen d’Méiglechkeet hunn, sech etabléieren ze kënnen a professionell ze schaffen. D'Tania Steinfort ass Kënschtlerin bei CooperationsART. De Programm vum neien Netzwierk, fir d'Leit ze sensibiliséieren, bréngt him vill. Hatt seet eis, dass den allgemengen Interessi u der Konscht net ëmmer all ze grouss ass an och, wann een vill ausstellt, heescht dat net, dass vill Leit kommen.

De Programm vun MOSAIK Kultur Inklusiv fir d’Saison 23 luet nach bis Juni op Konferenzen, Workshops Ausstellungen a vill Weideres an.

Hei geet et op d'Säit vum Netzwierk.