Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Index, Logement a Steieren: D'KPL stellt hire Programm vir d'Chamberwale vir

Index, Logement a Steieren

Wunnengsnout léisen, Aarmut ofschafen, Klimakris verhënneren a Kapitalismus entsuergen - dat si just e puer Prioritéiten vun der Kommunistescher Partei.

Fir d'KPL sinn et keng onrealistesch Fuerderungen: um Index dierft net gefréckelt ginn, an et misst een d’Steiertabell amplaz aktuell ëm 2,5 Indextranchen ëm ganzer 8 un d’Inflatioun upassen an de Mindestloun ëm 20 Prozent erhéijen.

Walprogramm KPL / Rep. Dany Rasqué

Fir d’Logementskris ze meeschteren, misst de Staat zesumme mam Privatsecteur an den nächsten 10 Joer 50.000 ëffentlech Wunnenge bauen. De Loyer wier plafonéiert op 10 Prozent vum Revenu vum Locataire.

Bezuelt géif dat vu Steieren op de Kapital: Sou sollen zum Beispill Banken a grouss Betriber méi Steiere bezuelen, beschtefalls géif ee se vergesellschaften.

Eng Iddi wier och e sougenannte staatleche Bedeelegungsfong. Esou kéint de Staat a Secteuren investéieren, déi fir privat Entreprisen net interessant, well net esou rentabel, wieren.

Um aussepolitesche Plang fuerdert d‘KPL ënnert anerem den Austrëtt aus der NATO, d'Opléisung vun der Arméi an de Stopp vu Suen- a Waffeliwwerungen un d'Ukrain.

Nationalwalen - D'Kandidaten an der Iwwersiicht