Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Indien: Den Timothée Goedert bei der Young Chef Olympiad 2023 ausgezeechent

Vum 29. Januar bis de 4. Februar hu sech an Indien Nowuess-Käch aus iwwer 50 Natioune matenee gemooss. Och Lëtzebuerg war vertrueden.

Mam 18 Joer alen Timothée Goedert vun der École d’Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg ass de Grand-Duché fir déi éischte Kéier iwwerhaapt bei der Young Chef Olympiad vertruede gewiescht. No enger Erëffnungszeremonie zu Delhi ass et fir den Timothée direkt op Bangalore gaangen, wou hien an engem éischte Cook-Off weise misst, wat hien drop huet:

"Als éischt mol hat mir do virdrun nach en technesche Volet, wou mer drop bewäert goufen, wéi mer mam Messer ëmginn a wéi mer generell eis Saache geschnidden hunn. Duerno hate mer nach e bëssen Zäit, fir opzeraumen an eis Wueren zesummenzesichen. Dunn ass et weidergaangen a mir missten e vegetaresche Plat maachen, wou all Land déi nämmlecht Ingredienten hat, dat heescht jiddereen hat déi gläich Chancen. Do hunn ech dann op Tofu-Basis eng Aart Frittata gemaach mat enger schaarfer Chillizooss, mat grénge Lënsen, mat Tomaten a mat Spargel dobäi. Ech war ganz zefridde mat mengem Resultat, wéi ech dat gekacht hunn."

Doropshi konnt sech den Timothée fir d’Finall vun der Dr. Bose Challenge zu Kalkutta qualifizéieren, wou e sech géint déi 30 bescht Konkurrenten duerchsetze misst. Den 18 Joer ale Nowuess-Kach erzielt:

"An der Finall vun der Dr. Bose Challenge wou iwwer 30 Länner nach matgemaach hunn, misste mer dann op Basis vum Millet a 40 Minutten e Rezept maachen an unhand vun enger Aart Mysterybox-Challenge e Plat maachen. Mer haten eis entscheet Chicken Fingers ze maachen, wou mer dann de Millet als Basis fir en Tempura-Deeg geholl hunn. Dobäi hu mer dann nach e puer Tomaten, Champignonen a Pak Choi geholl. Et ass ganz gutt gelaf, fannen ech, an et war och interessant ze gesinn, wat déi aner Länner an där Zäit gemaach hunn."

Dem Timothée seng Passioun fir d’Kiche begrenzt sech net nëmmen op d’Kachen u sech. Och huet hie vill Spaass drun, Famill a Kolleegen zesummenzebréngen, an hinne mat sengem Iessen eng Freed ze maachen.

Donieft erlaabt d’Kachen him et, fir duerch d’Welt ze reesen an déi ënnerschiddlechst kulinaresch Entdeckungen ze maachen. A wie weess: Villäicht mécht den Timothée enges Daags säin eegene Restaurant op.

Um Samschdeg gouf den Nowuesskach ausgezeechent fir säi Geschéck mat de Messeren a mam "Mentor Award".