Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Indonesien: 129 Doudeger bei Ausernanersetzungen no engem Futtballmatch

No engem Futtballspill an Indonesien hunn Dausende Supporter den Terrain gestiermt. Wéi d'Police Tréinegas agesat huet, ass eng Massepanik ausgebrach.

An der Provënz Ost-Java an Indonesien si bei Ausernanersetzungen no engem Futtballmatch 129 Mënschen ëm d'Liewe komm an der 180 blesséiert ginn.

De Sportminister, den nationale Policechef an de Chef vun der indonesescher Futtballfederatioun si mat der detailléierter Enquête iwwert d'Futtballspiller an d'Sécherheetsbestëmmunge chargéiert ginn.

D'Tragedie zu Malang ass eng vun de schwéierste Katastrophen an engem Stadion, déi et bis ewell gouf.

Nom Match hate rose Supporter den Terrain gestiermt, well hir Ekipp déi éischte Kéier zanter 20 Joer géint hiren Äerzrival verluer hat. D'Police huet probéiert, d'Leit zréckzedrécken an huet Tréinegas agesat, nodeems zwee Poliziste gestuerwe sinn. Doropshi wier eng Massepanik ausgeléist ginn.

Gewalt duerch Supporter ass e bekannte Problem an Indonesien.