Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Inflatioun an Demande vum Horeca-Secteur: De System vun de Chèques-repas gëtt vum 1. Januar d’nächst Joer u moderniséiert

Inflatioun an Demande vum Horeca-Secteur

RTL

Dat huet d’Finanzministesch Yuriko Backes um Freideg de Mëtteg op enger Pressekonferenz annoncéiert.

Wéinst der Inflatioun an der Demande vum Horeca-Secteur géing de Montant vun 10.80 op 15 Euro erhéicht ginn. D’Eege-Participatioun vum Employé bleift, wéi och elo scho bei 2.80 Euro.

Weider wäerten dann och d’Pabeier-Chèqueë passé sinn. Dat Ganzt gëtt digitaliséiert, andeems d’Sue wäerten op eng Kaart oder op den Handy geluede ginn. Sou kéint och verhënnert ginn, dass d’Suen, déi fir Iesse geduecht sinn, fir de Kaf vun Elektronikartikel genotzt ginn, huet de Generalsekretär vun der Horesca, de François Koepp, ënnerstrach.