Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Inflatioun an héich Zënsen: De Konsumenteschutz suergt sech ëm d'Kafkraaft vun de Leit

D'Union luxembourgeoise des consommateurs, kuerz ULC, mécht sech wéinst den ëmmer méi héije Präisser Suergen ëm d'Kafkraaft vun de Leit.

ULC Pressekonferenz / Reportage Marc Hoscheid

Dowéinst fuerdert si eng Rei Upassungen um Niveau vun de Steieren, virun allem aarm a mëttelstänneg Stéit missten esou séier wéi méiglech entlaascht ginn. Mat Bléck op den Index fuerdert de Konsumenteschutz iwwerdeems Verännerungen am Beräich vun den Altersheemer.

20 Prozent vun all de Stéit wiere vun Aarmut bedreet. Och wann een d'Mesuren, déi vun der Tripartite am September decidéiert goufen, begréisse géing, misst méiglechst zäitno nogebessert ginn. Den ULC-President Nico Hoffmann kritiséiert virun allem, datt d'Steierpolitik net sozial cibléiert genuch wier.

"D'TVA vu 17 op 16 Prozent, dat betrëfft schonn erëm op mannst net déi Leit, déi um ënneschten Niveau leien, respektiv déi kleng Mëttelrevenuen. Ech mengen, hei hätten déi Leit op d'mannst méi gehat, wann et zu enger Steierreform komm wier oder zu enger Deel-Steierreform."

Sou schwätzt ee sech bei der ULC derfir aus, datt de Mindestloun komplett steierfräi soll ginn. D'Steierklass 1A sollt ofgeschaaft an déi betraffe Persounen an d'Klass 2 agestuuft ginn. Och eng Erhéijung vun de Steieren op ganz décke Revenuen ass fir d'ULC keen Tabu. Mat Bléck op den Index war et d'Kritik, datt dëse fir Leit, déi an engem Altersheem wunnen, esouguer kontraproduktiv wier.

"Eiser Meenung no duerf een no enger Indextranche net manner an der Täsch hunn, dat ass dee grousse Prinzip. Hei ass dat ebe méiglech, well d'Duerchschnëttspensiounen hei zu Lëtzebuerg bei quasi 3.000 Euro leien, d'Pensiounspräisser an den Altersfleegeheemer awer oft driwwer leien, bei 3.500 Euro. 2,5 Prozent Index op 3.000 Euro wéi op 3.500 Euro. Doduerch huet dee Betraffenen dono manner an der Täsch.", sou den Nico Hoffmann weider.

Dowéinst fuerdert d'ULC eng Deckelung vun de Präisser. Nieft de Fuerderungen a Saache Steieren an Index goung et op der Pressekonferenz ënnert anerem och ëm déi dagdeeglech Aarbecht vum Konsumenteschutz. Bis Enn November dëst Joer goufe vum sougenannte Service contentieux knapp 4.250 nei Dossieren opgemaach. Dem Nico Hoffmann no ginn iwwer 90 Prozent vun den Dossieren erfollegräich ofgeschloss.

De Konsumenteschutz kritt eng nei Directrice

Vu Januar iwwerhëlt d'Aline Rosenbaum d'Successioun vum Guy Goedert, deen no 41 Joer bei der ULC a Pensioun geet.

D'Aline Rosenbaum huet 15 Joer als Affekotin geschafft. 2011 koum si bei de Konsumenteschutz.