Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Inflatioun: Hoteller zu Lëtzebuerg keime wéinst héijen Energiepräisser

D'Präisser klammen. Betraff sinn och Restauranten an Hoteller, well si mat Apparater schaffen, déi vill Stroum verbrauchen oder mat Gas bedriwwe ginn.

D'Präisser klammen. Betraff sinn och d'Restauratioun an d'Hotellerie, well si mat Apparater schaffen, déi vill Stroum verbrauchen oder mat Gas bedriwwe ginn. Sou och de Wellnesshotel Bel-Air zu Iechternach.

Den Iechternacher Hotel huet des Joer seng 95 Joer gefeiert. Et ass also een aalt Gebai, dat nach mat Mazout gehëtzt gëtt. Besonnesch de Wellnessberäich mat senger Schwemm verbraucht vill Energie, well d'Waasser muss virgehëtzt ginn. Den Ament kéinten d'Leit awer net an d'Schwemm goen, sou d'Gerante Stéphanie Hein:

"D'Schwemm ass am Summer en Panne gefall. Da koum nach derbäi dass d'Stécker fir se ze flécken nach net ukomm sinn, wou ech lo bal muss soen dass eis dat bei dësen Energiepräisser gutt arrangéiert. Mir hunn lo festgestallt, eng Kéier bedéngt duerch de gudde waarme Summer, mee awer och doduerch dass wa mer dat Waasser net méi mussen hëtzen, dass dat eis ganz vill hëlleft fir Energie ze spuere well da musse mer manner tanken."

Bis Enn September war d'Heizung am Wellnessberäich nach ganz aus. Lo am Oktober misst awer gehëtzt ginn, den Ament op zirka 23 Grad. Mat eemol Mazout tanke géing en den Ament 3-5 Wochen auskommen, mat Schwemm wier dat manner laang.

Ma och an der Kiche géing vill Energie verbraucht ginn. Hei gëtt mat Gas gekacht. Duerch d'Hausse vun den Energiepräisser klammen awer och d'Präisser vun de Liewensmëttel. Verschidde Wuere wieren tëscht 50 an 100 Prozent méi deier ginn. Den Hotel huet bei de Commandë vun de Liewensmëttel deementspriechend reagéiert:

"Lo si mer och op de Wee gaangen, zum Beispill beim Ueleg, deen ass och 50-60 Prozent geklommen, mir brauchen natierlech vill Ueleg fir ze kachen, dann hu mer eng Palette kaf. Do hate mer eng gutt Offer kritt an hunn d'Palette kaf, do wësse mer, dass mer laang domat kommen. Mir brauche vill Ueleg an an den haitegen Zäite mécht dat einfach Sënn."

Wann et drëms geet Energie ze spueren, wier een awer och op d'Mataarbecht vum Personal an de Cliente ugewisen, d'Stéphanie Hein:

"Op der anerer Säit probéiere mer natierlech och eis Leit ze sensibiliséieren, dass se d'Fënsteren net oprappen, dass se d'Dieren hannert sech zou maachen, dass se net d'Luuchte brenne loossen. An awer... mir sinn en Hotel. Mir kënnen net d'Luuchten iwwerall ausmaachen, well da gesäit et aus, wéi wann mer zou hätten."

Mat Hëllef vun engem Energieberoder kuckt den Hotel den Ament, wou nach konkret Energie kéint gespuert ginn. Iwwerdeems soll d'Gebai vergréissert ginn. De neien Deel soll da manner Energie verbrauchen. Bis d'Aarbechten ofgeschloss sinn, kënnen awer nach gutt 3 bis 4 Joer vergoen, sou nach d’Stéphanie Hein.