Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Initiativ "Earth4All": Weltpopulatioun kéint vun 2040 un net méi wuessen

Earth4All no kéinten dann ongeféier 8,5 Milliarde Mënschen op der Welt liewen, an domadder wier den Héchststand erreecht.

Bis 2100 kéint d'Populatioun dann nees op ronn 6 Milliarden erofgoen. D'Initiativ schreift awer weider, datt dëst just géif passéieren, wa verschidde Viraussetzunge erfëllt wieren, dorënner e "risege Sprong" vun Investitioune an der wirtschaftlecher Entwécklung, Bildung a Gesondheet.

D'Rechnung vun de Vereenten Natiounen ass do liicht anescht. Der UN no wäert den Héchstwäert 2080 erreecht gi mat ronn 10,4 Milliarde Mënschen op der Welt. Hiren Zuelen no gouf am November 2022 d'Mark vun 8 Milliarde Leit scho geknackt an d'Populatioun weltwäit louch am Joer 2000 bei ronn 6 Milliarden.

De Fuerscherinnen a Fuerscher vun Earth4All no ginn et zwee méiglech Zenarie fir d'Zukunft, esou schreiwe si an hirer Etüd "People and Planet". Am éischten Zenario geet déi wirtschaftlech Entwécklung änlech weider wéi bis elo an dann hätte mer 2050 den Héchststand vun der Weltpopulatioun erreecht. Am zweeten Zenario hätte mer de Maximum schonn 2040 erreecht, wann eben déi scho genannten Investissementer gemaach ginn an d'Aarmut bekämpft gëtt.

D'Experte vun Eart4All sinn iwwerzeegt, datt a villen anere prominente Prognosen, wat d'Populatioun ugeet, d'Bedeitung vu séierer wirtschaftlecher Entwécklung ënnerschat gëtt. "Mir wëssen, datt eng séier ekonomesch Entwécklung a Länner mat niddregem Akommes enorm Auswierkunge op d'Fruchtbarkeetszuelen huet" esou de Chef vun Earth4All Per Espen Stoknes. "D'Fruchtbarkeetszuele ginn erof, wa Meedercher Zougang zu Bildung kréien a Frae wirtschaftlech gestäerkt ginn an Zougang zu besserer Gesondheetsversuergung kréien".