Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Insel Java: Héchsten Alarmstuf fir indonesesche Vulkan Semeru gouf ausgeruff

De Vulkan, deen e Sonndeg ausgebrach ass an eng honnert Meter héisch Wollek aus Äschen ausgestouss huet, géif elo Dierfer an der Géigend menacéieren.

Dat mellt den Zentrum fir Vulkanologie a geologesche Katastropheschutz e Sonndeg. Leit, déi an engem Radius vun 8 Kilometer ëm de Vulkan wunnen, gouf recommandéiert, d'Gebitt ze verloossen.
A Japan huet den Ausbroch iwwerdeems eng Tsunami-Warnung ausgeléist. Dës gëllt fir d'Inselformatiounen Miyako a Yaeyama, sou déi japanesch Noriichten-Agence Kyodo.

Viru genee engem Joer ware beim Ausbroch vum Vulkan Semeru 34 Leit gestuerwen an eng Partie Dierfer goufe vu Bulli an Äsche begruewen. Bal 10.000 Mënschen hu missen aus hiren Haiser fortlafen.

Indonesien huet ronn 130 aktiv Vulkanen. Java läit um sougenannte pazifesche Feierrank. Hei kollidéieren direkt e puer tektonesch Placken openeen, sou dass et hei besonnesch dacks zu Äerdbiewen a Vulkanausbréch kënnt.