Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Insolvenz wuel evitéiert: US-Representantenhaus stëmmt Hausse vu Scholde-Limitt zou

Insolvenz wuel evitéiert

E puer Deeg virum Oflaf vum Delai huet d'Representantenhaus enger Hausse vun der Scholde-Limitt zougestëmmt. Domat schéngt eng Insolvenz wuel vum Dësch.

D’Representantenhaus zu Washington huet e Mëttwoch den Owend eiser Zäit mat enger däitlecher Majoritéit gréng Luucht gi fir e Projet de loi, mat deem déi iewescht Scholdelimitt mol bis 2025 gehéicht a gläichzäiteg ëffentlech Depensë limitéiert kënne ginn.

Dat Ganzt ass e Kompromëss tëscht den Demokraten an de Republikaner, mat deem séchergestallt gëtt, dass de Staat weiderhi liquid ass a virun allem Paien a Pensioune ka bezuelen.

Eng Insolvenz ass domadder mol vum Dësch, well een dervun aus ka goen, dass och déi 2. Kongress-Chamber, nämlech de Senat, wäert zoustëmmen.