Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Interaktiv Fuerschung: Researchers' Days: Zu Besuch bei de Fuerscher

Mat Experimenter a Workshoppen hu Lëtzebuerger Fuerschungsinstituter de Weekend probéiert der Ëffentlechkeet d'Fuerschung interaktiv méi no ze bréngen.

Zu Lëtzebuerg gëtt aktuell generell a 4 Beräicher a 25 Strukturen mat ronn 3.000 Chercheure gefuerscht. 1,4 Milliarden Euro goufen am Grand-Duché tëscht 2018 an 21 fir d'Héichschoulbildung an déi ëffentlech Fuerschung ausginn. Ma d'Entwécklung geet ëmmer virun – zemools an enger digitaler Welt – dofir musse Jonker begeeschtert ginn, fënnt de Jemph Bertemes vum FNR, Fonds National de la Recherche:

"Et muss ee wëssen, datt d'Fuerschung zu Lëtzebuerg iwwert déi lescht 20 Joer aus dem Buedem gestampft gouf. Vu quasi näischt op eng mëttlerweil relativ zolidd Fuerschung, déi mer hei am Land hunn. Mir wëllen eis an e puer Domainen uewen an der Weltspëtzt ofsëtzen. Dat ass Deels schonn de Fall. Mee mir hoffen, datt mer och an Zukunft, an 20 Joer, weider an nach méi Support nach aus dem Grand-Public kréien."

Déi lescht Jore sinn d'Researchers' Days zu engem feste Rendez-vous fir Schoulen um Freideg a Famillen um Samschdeg ginn. Gäre gëtt experimentéiert – ewéi och hei um Stand vun der LUNEX, wou mat enger visueller Behënnerung d'Reflexer vum Kierper solle verbessert ginn. Et ass d'Chance fir mol ganz aner Beruffer kennen ze léieren.

"Mir hunn insgesamt 34 interaktiv Workshops, déi mer hei ubidden. Et kann ee wierklech experimentéieren a mol selwer Hand uleeën an d'Fuerschung interaktiv kenneléieren. Niewebäi hu mer och 4 "Science-Caféen", wou ee sech mat Chercheure kann un en Dësch sëtzen a méi iwwert hir Fuerschung gewuer ginn", erkläert de Jemph Bertemes.

Eng vun de Rolle vum Fonds National de la Recherche ass et, der Ëffentlechkeet d'Fuerschung méi no ze bréngen. Dat mécht een dëse Weekend mat Fuerschungszentren aus dem ganze Land, déi hir Projete presentéieren.

"Et kann ee scho feststellen, datt an der Wëssenschaft sech d'Wëssenschaftskommunikatioun verbessert huet a méi eng wichteg Roll spillt. D'Fuerschung ass gréisstendeels ëffentlech finanzéiert, et ass dofir wichteg e Public an d'Resultater an Developpementer mat anzebauen", sou de Jemph Bertemes.

An den Interessi ass do. Nodeems Corona-bedéngt d'Editioun 2020 huet missen ofgesot ginn, konnt een dëse Weekend nees 6.500 Spectateuren zielen.