Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Internationale Futtball: Arsenal bleift op der Gewënnerstrooss

D'Gunners gewanne mat 4:1 géint Crystal Palace. An Holland verléiert Ajax Amsterdam de Spëtzematch géint Feyenoord Rotterdam.

An der Bundesliga stoung de 25. Spilldag um Programm, wärend an der Premier League schonn den 28. Spilldag gespillt gouf. Donieft waren ë.a. Manchester City a Manchester United am FA Cup ënnerwee. An Italien kënnt et den Owend zum Spëtzematch tëscht Inter Mailand a Juventus Turin an an der spuenescher La Liga steet de "Classico" FC Barcelona géint Real Madrid um Programm.

An der hollännescher Eredivisie huet Feyenoord Rotterdam de Spëtzematch bei Ajax Amsterdam mat gewonnen. D'Gäscht gounge schonn no fënnef Minutten a Féierung, mee Ajax sollt de Match bis zur Paus dréine kënnen. Direkt nom Säitewiessel huet Feyenoord den Ausgläich a kuerz virun Enn den decisiven drëtte Gol geschoss. Dräi Punkten hu béid Ekippe virum Upëff getrennt, elo huet Rotterdam eng Avance vu sechs Punkten op den hollännesche Rekordmeeschter Amsterdam. An och Einhoven an Alkmaar hunn nach e Wuert am Meeschterkampf matzeschwätzen.

Bundesliga

De Resumé vun de Matcher aus der Bundesliga fannt Dir hei.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League

Am éischte Match no der Entloossung vum Trainer Patrick Vieira koum Crystal Palace besser an de Match, mee duerno hunn d'Gunners de Kommando iwwerholl a louchen zur Paus 2:0 vir. De Granit Xhaka huet mam 3:0 fir d'Virentscheedung gesuergt, och wann d'Gäscht nach eng Kéier erukoumen. De Saka huet mat sengem zweete Gol am Match fir Arsenal alles kloer gemaach. Vu dass Manchester City dëse Weekend am FA Cup aktiv war, huet Arsenal elo eng Avance vun aacht Punkten op den Tabellenzweeten, awer och ee Match méi um Kont.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Um Samschdegowend hat sech den AC Mailand mat 1:3 géint Udinese Calcio musse geschloe ginn a verléiert weider wichteg Punkten am Kampf ëm d'Champions-League-Plazen. De Zlatan Ibrahimovic huet mat engem verwandelten Eelefmeter zum tëschenzäitlechen 1:1 Geschicht geschriwwen. Hien ass elo mat 41 Joer an 166 Deeg deen eelste Buteur an der Serie A.

Neapel huet de Match vun Ufank un dominéiert an der Lokalekipp keng grouss Chancen erlaabt. Mam fréien 1:0 an engem zweete Gol virun der Paus war de Match schonn zu Gonschte vun Neapel decidéiert. Spéitstens nom zweete Gol vum Osimhen war kloer, wien als Gewënner vum Terrain goe géif. Neapel huet virum Match tëscht Inter Mailand géint Juventus Turin um Sonndegowend 21 Punkten Avance op d'Nerazurri.

Lazio Roum - AS Roum (18.00 Auer)

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

Monaco goung mat der éischter geféierlecher Aktioun a Féierung an huet duerno och de Kommando am Match iwwerholl. Ajaccio hat kuerz virun der Paus eng gutt Golchance, mee de Ball goung knapp laanscht de Potto. Nodeems de Bayala op der Säit vun Ajaccio d'Rout Kaart gesinn huet, konnt Monaco eréischt spéit Kapital doraus schloen an huet kuerz viru Schluss den Deckel drop gemaach. Monaco ass weider Tabellevéierten hannert Olympique Marseille.

Paris SG - Rennes (17.05 Auer)

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga