Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Internationale Futtball: Haaland a Foden markéieren Hattrick géint ManU

Manchester City huet de Manchester-Derby mat 6:3 gewonnen. An der Bundesliga spille Berlin an Hoffenheim 1:1 gläich an Augsburg kritt zu Schalke 3 Punkten.

Nodeems Bayern München e Freideg géint Leverkusen gewonnen haten an hat, war um Sonndeg de Bléck an den Tabellekeller geriicht. An der Premier League huet den Derby tëscht Manchester City a Manchester United dominéiert an a Frankräich hu mat Lorient a Monaco zwou Ekippen aus dem Spëtzegrupp an de Spilldag agegraff.

Bundesliga

Et waren intensiv éischt 45 Minutten, an deene béid Ekippe gutt Phasen haten. Hoffenheim huet fir d'éischt kënne profitéieren an huet duerch de Kramaric den éischte Gol markéiert. Berlin huet awer gutt matgehalen a konnt d'Kraichgauer mat enger flotter Aktioun vum Lukébakio iwwerraschen an ausgläichen. No der Paus ass de Match awer ëmmer méi verflaacht, och well Berlin sech gréisstendeels op d'Verteidege konzentréiert an Hoffenheim attackéiere gelooss huet.

Am Ufank vum Match haten d'Gäscht méi vum Spill a konnten duerch zwee Goler vum Demirovic séier mat 2:0 a Féierung goen. Duerno huet Schalke méi an de Match investéiert a koum duerch den Terodde zum Uschloss. No der Paus war et en Hin an Hier wärend 20 Minutten, bis Schalke den Ausgläich markéiere konnt. Obwuel Augsburg ab der 71. Minutt ee Mann manner um Terrain hat, konnte si nach den decisive Gol schéissen an huelen dräi Punkte mat heem. Schalke bleift am Tabellekeller, wärend Augsburg sech e bësse Loft verschaaft.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League


1:0 Foden (8'), 2:0 Haaland (34'), 3:0 Haaland (37'), 4:0 Foden (44'), 4:1 Antony (56'), 5:1 Haaland (64') , 6:1 Foden (73'), 6:2 Martial (84'), 6:3 Martial (90'+1, Eelefmeter)

Am Manchester-Derby goufen d'Red Devils vun Ufank u vu ManCity iwwerrannt. De Foden an den Haaland hu béid dräi Goler fir d'Skyblues markéiert an hir Ekipp domat op d'Gewënnerstrooss bruecht. Fir ManU a seng Supporter war et e ganz schwaarzen Dag an déi éischt Spectateuren hu scho virun der Paus de Stadion verlooss. ManCity huet vun Ufank un Neel mat Käpp gemaach a ManU huet an der éischter Hallschent kee Land gesinn. Nodeems ManCity op 6:1 erhéicht hat, huet de Martial mat zwee Goler an de leschte Minutten nach fir e bësse Kosmetik beim Resultat gesuergt.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

De Match war keng zwou Minutten al wéi Lazio en Eelefmeter zougesprach krut, mee den Immobile iwwert de Gol geschoss hat. An der zwielefter Minutt huet de Zaccagni seng Faarwen a Féierung bruecht an zwielef Minutte méi spéit konnt Lazio op 2:0 erhéijen. D'Réimer hunn de Match iwwer wäit Strecke kloer geréiert, och wa Spezia déi eng oder aner gutt Attack hat. Nom 3:0 war de Match decidéiert a Lazio konnt an der Schlussminutt nach een dropsetzen. Lazio ass no aacht Matcher a 17 Punkten Drëtten am Klassement.

Atalanta Bergamo - Florenz (18.00 Auer)

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

Lorient war duerch en onglécklechen Eegegol vum Diakité a Féierung gaangen, duerno hu sech béid Ekippen näischt geschenkt a Lille wollt de Réckstand nees guttmaachen. An der 62. Minutt gouf den Ouattara mat Giel-Rout vum Terrain gesat a Lille konnt d'Iwwerzuel notzen, fir den Ausgläich ze markéieren. Lille hat méi vum Match, mee Lorient ass duerch eng flott Eenzelaktioun vum Le Bris nees a Féierung gaangen an huet deen Avantage net méi ofginn. Den FC Lorient bleift mat dëser Victoire op der drëtter Plaz am Klassement a läit just dräi Punkten hannert dem Leader PSG an ee Punkt hannert Marseille.


1:0 Embolo (2'), 2:0 Ben Yedder (6'), 3:0 Ben Yedder (28'), 4:0 Ben Yedder (62', Eelefmeter), 4:1 Henrique (79', Eegegol)

Monaco hat e Blëtzstart higeluecht a louch schonn no sechs Minutte mat 2:0 vir a konnt no enger knapper hallwer Stonn op 3:0 erhéijen. An der zweeter Hallschent huet d'AS et méi lues ugoe gelooss, mee de Ben Yedder huet trotzdeem nach säin drëtte Gol vum Owend markéiert. Nantes konnt an der Nospillzäit mat Hëllef vu Monaco nach den Éieregol markéieren, hat awer net vill vum Match.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

De Match hat net gutt ugefaange fir d'Gäscht vu Sevilla: Fir d'éischt den 0:1 an der néngter Minutt, duerno eng Rout Kaart fir de Luiz Felipe. Et huet bis an déi zweet Hallschent gedauert, bis Betis sech erholl hat a geféierlech virum Gol Celta Vigo opgefall ass. Bis zum Schluss hu si versicht, den Ausgläich ze markéieren, mee et sollt net sinn. Betis Sevilla verléiert duerch dës Néierlag den Uschloss un d'Tabellespëtzt.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga