Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Internationalen Dag vum Waasser: Waasserkonferenz vun de Vereenten Natiounen zu New York

Internationalen Dag vum Waasser
RTL

© KOEN VAN WEEL / ANP MAG / ANP via AFP

De Weltwaasserdag gouf 1993 vun de Vereenten Natiounen an d'Liewe geruff, fir d'Wichtegkeet vun dëser Ressource ze ënnersträichen.

D'Waasser gëtt nämlech ëmmer méi knapp. Engem neie Rapport vun de Vereenten Natiounen no sinn zwou bis dräi Milliarde Leit op d'mannst ee Mount am Joer vu Waasserknappheet betraff.
D'Knappheet vum Waasser ass dann och ee vun de Sujeten op der UNO-Weltwaasser-Konferenz déi e Mëttwoch zu New York ufänkt. Lëtzebuerg ass hei duerch d'Ëmweltministesch Joëlle Weltfring vertrueden.

Eise Waasserverbrauch geet all Joers ëm ee Prozent an d'Luucht. D'Waasserwirtschafts-Amt erënnert dofir nach emol u ganz einfach Gewunnechten, fir Waasser am Alldag ze spueren.