Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Interview mam Generol Steve Thull: Waffeliwwerunge vum Westen un d'Ukrain: "Näischt maachen ass keng Optioun"

"Wa mir näischt maachen, dann ass d'Resultat ganz kloer. Dann huet d'Ukrain verluer", sou de Lëtzebuerger Generol Steve Thull am RTL-Interview.

D'Ukrainer wieren ëmmerhin och e bësschen amgaangen, fir eis ze kämpfen, fir datt mir kënnen a Fridden an Demokratie liewen.

Déi russesch Säit hätt net hir Objektiver erfëllt, d'Ukrain ënner hir Fittichen ze kréien. Den Ament géife mer eis an enger, souzesoen, Paus befannen. De Generol Steve Thull geet dervun aus, dass béid Säite sech den Ament ressourcéieren, fir am Fréijoer néi Konteroffensiven ze lancéieren.  Bei den Ukrainer geet et ëm d'Iwwerliewen

140 Milliounen Awunner a Russland. 37 Milliounen Ukrainer, dovun der eng 15 Milliounen op der Flucht. Laangfristeg sinn d'Russen am Avantage, sou de Generol weider. D'Ukrainer hätten awer kloer een Avantage: hiren Kampfgeescht, dee se weisen. Hir Motivatioun.

D'Ukrain gëtt gutt vum Westen ënnerstëtzt

Dat mécht hinnen et méiglech, sech daper ze schloen, sou de Steve Thull am Interview. Et muss an deem Sënn weider goen. An enger éischter Phas géifen d'Ukrainer virun allem Loftofwier brauchen, dat ier Panzer an den Asaz kënne goen.

"D'Waffe gi méi schwéier, ma ech gesi keng aner Optioun fir d'Ukrain, z'iwwerliewen", sou de Generol.

Zum Thema Panzer-Liwwerungen erënnert de Generol un d'Arsenal vun de Russen. Eng 10.000 Panzeren, och wann déi net all ganz nei sinn. D'Material aus dem Westen hätt als Avantage, datt déi op engem ganz gudde Standard sinn. Do léich d'Hoffnung, datt déi Qualitéit vun deene Panzeren en ënnerscheet ka maachen. Ënnert der Konditioun, se ginn a grousse Quantitéit geliwwert.

"Sou laang mir als NATO kee Fouss op den ukraineschen Territoire setzen, si mir do richteg".

D'Presenz vun enge 40.000 Mann Miliz vum Grupp Wagner géif kloer derzou féieren, datt um Terrain d'Brutalitéit immens an d'Luucht geet. Dat wier mat regulären Truppen net de Fall. Ma och virdru wiere russesch Zaldoten op Plazen net zimperlech virgaangen.

Elo wier et wichteg, dee Krich sou séier wéi méiglech op en Enn ze bréngen. Datt duerno Verhandlunge kënnen ufänken. Dat wier nëmme méiglech, wann eng Krichspartei gesäit, datt hir Positioun ouni Aussicht ass.

"Et soll een ni de Géigner ënnerschätzen".

De Generol Steve Thull geet awer dervun aus, datt d'Leit am Weste musse fäerten. Datt de Putin iwwer säin Ufanks ugekënnegt Krichszil eraus goe géif. Dofir hätt de Westen eng gutt Allianz, déi och fonctionéiert. Dat wier e gutt Schutzschëld.