Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Invité vun der Redaktioun (21. September) - Blanche Weber: D'Präisdeckelung ass een "absolutten Echec" fir d'Klimapolitik

E Mëttwoch de Moie war d'Presidentin vum Mouvement Ecologique eis Invitée vun der Redaktioun.

Vill Leit géingen elo opootmen, de soziale Fridden am Land wier geséchert, mee aus der Vue vum Ëmweltschutz wier d'Präisdeckelung am Tripartitesaccord een "absolutten Echec". Dat sot d'Presidentin vum Mouvement Ecologique. D'Blanche Weber war e Mëttwoch de Moien eis Invitée vun der Redaktioun.

Mir wieren an enger Energie- an an enger Klimakris an déi béid hätt ee missten déi ganzen Zäit zesumme consideréieren. De Präis wier nämlech entscheedend, fir d'Verhale vun de Verbraucher ze veränneren, doheem, ma och an de Betriber, erkläert d'Blanche Weber.

De Verbrauch géing awer elo mat der Géisskan subventionéiert ginn, ouni sozial Selektivitéit an ouni Selektivitéit par Rapport zu de Betriber. Natierlech misste Betriber a Stéit gehollef kréien, fir d'Energie-Transitioun ze maachen, awer net mat enger Präisdeckelung. Et hätt een elo Méint, respektiv Jore gehat, fir ze kucken, wéi een eng Redistributioun kéint maachen. Et wier gewosst, dass Leit, déi vill verdéngen, och vill méi Energie verbrauchen an elo géing de Staat déi och nach ënnerstëtzen, kritiséiert d‘Presidentin vun der Naturschutzorganisatioun.

D'Klimaproblematik géif ëmmer nees ze kuerz kommen, dat schonn zanter 20, 30 Joer. De Mouvement Ecologique géing alles maachen, dass d'Gelder net wäerte feelen, fir d'Energietransitioun virunzedreiwen. Dat do géing de Staat nämlech elo iwwer 1,2 Milliarde kaschten. "Mir wäerten akloen, dass nach genuch Geld do bleift, fir déi real Energie-Spuermoossname wierklech ze ënnerstëtzen", sou d'Invitée.

Och d'Spuermesuren, déi den Energieminister Turmes annoncéiert hat, wieren net konsequent a strukturéiert genuch. Zum Beispill a Punkto Stroossebeliichtung hätt kënnen tranchéiert ginn, ënnert wéi enge Konditiounen eng Gemeng an Zukunft manner kéint beliichten. Et kéint een och op de Wee goen, e Futtballmatch zäitlech no vir ze verleeën, fir net déi grouss Spotte ronderëm een Terrain unzemaachen. Ganz generell gesinn, wier awer net vill Neies derbäi gewiescht, kritiséiert d'Blanche Weber.

Invité vun der Redaktioun: Blanche Weber

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.