Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Invité vun der Redaktioun (22. September) - Dan Kersch: DP "nieft der Plack", andeems se eng Steierreform blockéiert

En Donneschdeg de Moie war den LSAP-Deputéierten a Member vun der Chamber Spezialkommissioun "Tripartite" eisen Invité vun der Redaktioun.

Dat kéint een sou soen, dass d’LSAP dat krut wat se wollt. Dat sot den Dan Kersch en Donneschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun, zum Accord an der Tripartite.

Zu der sozialer Selektivitéit déi zum Deel géif feelen, sot den LSAP-Deputéierten, dass verschidde Saachen am Pak ganz selektiv wieren. Bei anere Mesurë géif se effektiv feelen, gëtt den Dan Kersch zou. Mä bis wouhinner hätt eng Selektivitéit da solle goen, gëtt hien ze bedenken.

Et wier Zäit fir sech seriö Gedanken iwwert eng Steier-Reform ze maachen. Do kéint een da ganz vill Selektivitéit erabréngen.

Et wier net den Ament, fir d'Steiertabell un d'Inflatioun unzepassen. Dat géif nämlech an der ablécklecher Situatioun derzou féieren, dass déi déi ganz vill verdéngen, ganz vill géifen aspueren, an déi déi manner verdéngen, net vill bis näischt.

Den Dan Kersch erwaart sech, dass nach virun de Walen, am beschte fir d'Presentatioun vum Budget fir d’nächst Joer, scho grouss Upassungen a Punkto Steiere virgeluecht ginn.

Wann eng steierlech Upassung net wäert geschéien, gëtt den Dan Kersch kloer der DP Schold, déi da géif blockéieren a sech net un de Koalitiounsaccord géif halen.

Invité vun der Redaktioun: Dan Kersch

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.