Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Invité vun der Redaktioun (23. September) - Michèle Detaille: Industrie d'Akkord mat Tripartite-Mesuren, mee net zefridden

E Freideg de Moien war d'Fedil-Presidentin eis Invitée vun der Redaktioun.

D'Industrie ass d'Akkord, mee net zefridde mat de Mesurë vun der Tripartite. Dat sot d'Michèle Detaille, d'Presidentin vun der Fedil, der Stëmm vun der Lëtzebuerger Industrie, e Freideg de Moien hei op RTL. D'Patronat wäert den Akkord vun der Tripartite ënnerschreiwen, well ee vill Wäert op de soziale Fridde géing leeën. D'Michèle Detaille huet awer bedauert, datt den Indexsystem nees voll spillt. Op der Tripartite am Mäerz, wou ee sech Eens war, fir d'Indextranchen op maximal eng Tranche pro Joer ze limitéieren, hätt d'Ekonomie "Previsibilitéit" kritt. Déi wier elo fort an dat géing notamment der Finanzplaz schueden.

Och wann d'Bremsen op den Energiepräisser d'Inflatioun wäert bremsen an et esou zu manner Indextranche wäert kommen, sou sot d'Presidentin vun der Fedil, et wier nach net sécher, ob et net awer zu dräi Tranchen d'nächst Joer wäert kommen. Si huet och ze bedenke ginn, datt d'Präisbremsen dem Staat och deier wäerte kaschten. An hiren Ae wier den Triple A ee wichtege Virdeel fir Lëtzebuerg an dee misst erhale bleiwen.

Fir d'Michèle Detaille géing d'Presidentin vum OGBL, d'Nora Back och "net an der Realitéit liewen". Éischtens géing si Salariéë mat dach héije Gehälter verdeedegen. Zweetens géing d'Gewerkschaftlerin dem Besoin vu Recetten an der Ekonomie net Rechnung droen. "Iert ee Geld kann ausginn, muss ee Geld gewannen", esou d’Vertriederin vun der Industrie.

Wat d'Hëllef fir d'Betriber ugeet, do hofft d'Michèle Detaille, datt d'EU der Regierung gréng Luucht gëtt, fir Hëllef ze ginn. Quitt, datt Betriber an hiren Ae missten ouni Assistenz rentabel kënne sinn, kéim ee wéinst den héijen Energiepräisser net dolaanscht. Op d'Fro ob d'Präissbremsen net riskéieren dozou ze féieren, datt d'Leit manner spueren, war si éischter optimistesch. D'Michèle Detaille geet dovunner aus, datt jidderee responsabel ass a matmécht beim Spueren. D'Energie wier jo och trotz Brems an Deckel elo scho vill méi deier ginn.

Invité vun der Redaktioun: Michèle Detaille

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.