Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Invité vun der Redaktioun (27. Mäerz) - Ben Muller (Déi Lénk): Politik maachen net fir gewielt ze ginn, mä fir eppes ze veränneren

E Méindeg de Moie waren ënnert anerem d'Prioritéite vun déi Jonk Lénk Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

E politeschen Engagement soll ee net nëmmen agoen, fir gewielt ze ginn. Politik sollt een Engagement sinn, dat vun Häerzen kënnt an drop zielt fir eppes ze veränneren. Dat sot de Ben Muller de Moien. De politesche Coordinateur fir Déi Lénk a Member vun Déi Jonk Lénk war eisen Invité vun der Redaktioun. De 25-Joer-ale Péitenger wollt sech bei déi Lénk engagéieren, well et eng kloer anti-kapitalistesch a queer-feministesch Partei ass, déi inter-sektional denkt. Dat heescht et wier eng Partei déi all Kämpf vun den ënnerdréckten Leit a Minoritéiten ophëlt fir eng Gesellschaft ze schafen wou jiddereen  vun de selwecht Privileegien kéint profitéieren, sou den Ben Muller.

Fuerderungen vun déi Jonk Lénk

De politeschen Coordinateur vun déi Lénk geet zu Péiteng mat an d'Gemengewalen. De Partei-Programm géing am Mëttelpunkt stoen an net déi eenzel Persoun. Et géing net ëm hien goen, mee ëm déi Lénk als Kollektiv. Wann een wéilt eng progressiv, ökologesch Gesellschaft mat enger Gemeng déi no um Bierger ass, dann sollt een déi Lénk wielen. Si géingen sech asetzen fir eng schlau Urbaniséierung, 15-Minutten Stied mat vill Gréngs wou een also seng Aarbecht, d‘Butteker an d‘Fräizäit alles bannent 15 Minutten ze Fouss erreechen kann.

Een vun de Schwéierpunkten vun déi Jonk Lénk wier natierlech och de Logement. Do misst een sou weit goen, dass een eidel Wunnengen déi just der Spekulatioun déngen, enteegent. Donieft fuerderen déi Jonk Lénk méi Participatioun vun de Bierger op Gemengenniveau, besonnesch an den eenzelen Quartieren an e gestaffelten Waasserpräis. Do wieren dann déi éischt 50 Liter pro Dag an pro Persoun, déi de Grondbedarf decken, gratis. Déi nächst 50 Liter wieren zu engem sozialen Präis an géifen pro 50-weider-Liter ëmmer méi deier ginn.Wat een méi on-ökologesch ass a méi Waasser verbëtzt, wat et dann och méi deier gëtt, sou den Invité.

Firwat een politescht Engagement als Jonken?

Firwat huet de Ben Muller sech mat 18 Joer politesch engagéiert? Et hätt een nei an alternativ Beweegungen uechtert d‘Welt gesinn. De Jean-Luc Mélenchon hätt a Frankräich wärend de Presidentiellen 2017 mat senger Campagne virop och Jonker viséiert an Diversitéit gepriedegt. An den USA wier dat den Bernie Sanders gewiescht an an Groussbritannien den Jeremy Corbyn. Donieft hätt d‘Revolutioun zu Rojava, am kurdeschen Syrien hien extrem vill gepräägt an doropshin hätt hien sech och wéilten engagéieren fir eng besser Gesellschaft ze kreéieren.

Invité vun der Redaktioun: Ben Muller

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.