Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Invité vun der Redaktioun (27. September) - Daniel Silva: "Mir setzen op Inhalter an net op Gesiichter"

Erfarunge sammelen fir d'Europawal d'nächst Joer an d'Partei mat hirem seriöe Programm bei de Leit méi bekannt maachen.

Dat wieren d'Ziler vu Volt, sou de Generalsekretär a Kandidat am Süden Daniel Silva am RTL-Interview e Mëttwoch de Moien.

Invité vun der Redaktioun: Daniel Silva

Politesch Prioritéiten

Nieft dem groussen iwwergeuerdenten Zil vun engem federalen Europa, ass fir Volt virop de Klima eng politesch Prioritéit. Do misst een op d'Mobilité douce setzen.

Donieft bräicht et Reformen notamment  vun eisem Schoulsystem, dee méi europäesch a méi einfach misst ginn, an och vun eiser Gesellschaft, wou e groussen Deel vun de Leit net kéint um politeschen Debat Deel huelen. Dofir fuerdert Volt d'Auslännerwalrecht fir all d'EU-Bierger déi op d'mannst scho 5 Joer am Land liewen. Dat géif eng aner Dynamik an d'Politik bréngen a géint den Demokratie-Defizit hëllefen. Grad a punkto Auslännerwalrecht geet Volt dovunner aus, dass awer op d'mannst een Drëttel vun de Leit hei am Land mëttlerweil kéint dofir sinn. D'Campagne 2015 wärend dem Referendum wier schlecht gelaf. Et wier net gutt kommunizéiert ginn. Dat kéint een elo anescht maachen, sou den Invité.

Punkto Schoulsystem präziséiert den Daniel Silva, dass déi europäesch Schoule vläicht e schlechte Ruff hätten, well se mat Reformen vum Educatiounsminister Claude Meisch géingen a Verbindung bruecht ginn. Allerdéngs géing den Accent do um Multilinguismus leien, eng Stäerkt vu Lëtzebuerg, op déi ee sollt setzen.

Géint de Populismus a Nationalismus

'T ass méi einfach mat populistesche Aussoen bei de Leit unzekommen. Mir wëlle mat radikalem Positivismus d'Leit unzéien a weisen, dass et anescht geet, sou de Generalsekretär vu Volt. Grad a Froe vun der Migratioun dierft een d'Problemer net einfach op d'Säit drécken. Et misst ee se direkt léisen. Et géing ee bedaueren, dass Italien mat der Migratioun eleng gelooss, an doduerch Rietspopulismus generéiert gëtt.

Keng Gesiichter op Walplakater

Et hätt een de Choix getraff, op Inhalt ze setzen an net op Gesiichter an der Walcampagne, erkläert den Invité. Éischtens hätt ee souwisou keng bekannte Leit op der Lëscht, mee virop wier een dovunner iwwerzeegt, dass hei am Land net genuch iwwer Programmer geschwat gëtt. Et géing iwwer Leit geschwat- an op Perséinlechkeete gesat ginn. Zum Beispill d'RTL-Format "Pasta mat Politiker" huet den Invité kritiséiert, well et do net géing ëm Politik goen. Natierlech géing ee sech d'Liewen duerch déi Haltung méi schwéier maachen, mee dat wier eben dat Bild, wat ee wéilt no baussen ginn, sou den Daniel Silva.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.