Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Invité vun der Redaktioun (28. September) - Luc Meyer: Handwierk begréisst Previsibilitéit, mee vermësst Selektivitéit a Strukturelles

E Mëttwoch de Moie war den neie President vun der Fédération des Artisans eisen Invité vun der Redaktioun.

Am Handwierk stéisst den Tripartitesaccord op gemëschte Gefiller. Den neie President vun der Fédération des Artisans, de Luc Meyer, sot de Mëttwoch de Moien hei op RTL, datt an der leschter schrëftlecher Versioun vum Accord, deen e Mëttwoch soll ënnerschriwwe ginn, net alles dra wier, wat d'lescht Woch mëndlech ausgemaach gouf. An zwar d'Versprieche vun der Regierung, datt, wann eng drëtt Indextranche d'nächst Joer géing erfalen, d'Betriber géinge vum Staat gehollef kréien. Onofhängeg vun deem Punkt, deen nach muss gekläert ginn, stellt den Accord de President vun der Handwierkerfederatioun a Käerjenger Metzler net ganz zefridden. Dat well fir déi Betriber, déi nach Margë maachen, den Drock op d'Margen a sengen Ae weider an d'Luucht géing goen. D'Energiepräisser, d'Präisser fir d'Matières premières an d'Lounkäschte wiere weider héich. Wann ee géing d'Finanzplaz erausrechnen, wier Lëtzebuerg dem Luc Meyer no a Punkto Rentabilitéit am Schlechtsten.

Fir d'Hausse vum Mindestloun zum Beispill huet de Metzler Versteesdemech, well déi aktuell schwiereg Situatioun och d'Salariéë géing betreffen. "Ouni Salariéë ginn et keng Betriber, mee ouni Betriber ginn et och keng Salariéen", sou de Luc Meyer. Dem President vun der Handwierkerfederatioun feelt et awer u "Selektivitéit" am Tripartitesaccord an hie géing einfach net verstoen, firwat net kéint iwwert eng Deckelung vum Index geschwat ginn. Wa Betriber an enger Kris sinn, da misste se alles grondsätzlech a Fro stellen, sou de Luc Meyer. Op d'Argument vun de Gewerkschaften higewisen, datt d'Sozialpolitik net iwwert den Index soll gemaach ginn, mee iwwert d'Steieren, huet hie geäntwert: "Dofir verstinn ech net, datt d'Gewerkschafte sech net duerchgesat hunn, fir déi Steierreform anzefuerderen."

Méi positiv war de Luc Meyer, wat d'Previsibilitéit ugeet. Am Handwierk wier een am Fong gewinnt, op 10, 20 oder 30 Joer ze plangen. De President vun der Handwierkerfederatioun huet de Mëttwoch de Moie gehofft, datt den Accord op d'mannst een oder annerhalleft Joer Bestand hätt an net nees a 6 Méint misst nei verhandelt ginn. Hien huet awer och ze bedenke ginn, datt laut Ekonomiescours no enger héijer Inflatioun eng Rezessioun kéim an éischt Unzeechen dovunner wieren do. Iwwerdeems de Lëtzebuerger Modell an d'Betriber vergaange Krise bewältegt hätten, hätt een et dës Kéier awer mat puer Krise mateneen ze dinn an dat géing schwiereg ginn. Op d'Fro, ob Spuermesurë bei Leit a Staat net schlecht fir d'Wirtschaft sinn, sot de Luc Meyer: "Mir liewen am Moment an enger Konsumgesellschaft, da musse mer vläicht eise Konsum e bësse revidéieren, korrigéieren an net schonn ëmmer Suen ausginn, déi mer nach net am Portmonni hunn."

Invité vun der Redaktioun: Luc Meyer

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.