Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Invité vun der Redaktioun (6. Februar) - Georges Engel: Reformstau? "Ech sinn amgaangen déi Texter virunzedreiwen"

E Méindeg de Moie waren d'Reformen am Aarbechtsrecht Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Am Ausland sinn d'Aarbechtsmäert zum Deel an der Kris, zu Lëtzebuerg wier d'Situatioun awer net esou uerg. Dat sot den Aarbechtsminister Georges Engel am RTL-Interview um Méindeg de Mueren. An awer wäerten d'Demanden fir méi kuerz ze schaffen klammen an de Chômage vu 4,8% op 5,2% eropgoen.

De Reproche vum Reformstau léisst de Georges Engel net ganz gëllen. An der Pandemie hätt een awer aner Prioritéiten am Aarbechtsministère gehat. Ma, elo géif nees verstäerkt un de Reformen geschafft ginn, zum Beispill un der Reform vum Kollektivvertragsgesetz. De Wëlle wier nämlech do, méi Kollektivverträg ze maachen.

An och bei der Aarbechtszäitreduktioun gëtt op eng Etüd gewaart, déi am Abrëll misst virleien. Aarbechtszäitverkierzung hätt et och schonn an dëser Legislaturperiod ginn, dat mat engem weidere Congés- an engem weidere Feierdag.

E sëllege Projete sollen ob alle Fall nach virum Enn vun der Legislaturperiod duerch d’Chamber, ënnersträicht den Aarbechtsminister Engel.

Invité vun der Redaktioun: Georges Engel

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.