Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Invité vun der Redaktioun (8. Februar) - André Mehlen: "D'Vinsmoselle nei ausriichten, ass wéi mat der Titanic eng Kéier huelen"

E Mëttwoch de Moie waren de Klimawandel an d'Präisdeierecht mam Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun" mam Direkter vun Domaines Vinsmoselle.

De Wäin-Marché ass haart ëmkämpft. Et wier een an direkter Konkurrenz mat der ganzer Welt. Dowéinst misst ee kucken, wéi ee sech als Lëtzebuerger Wënzer vun der Vinsmoselle op deem Maart duerchgesat kritt. Dat sot den André Mehlen am RTL-Interview e Mëttwoch de Moien. De laangjärege Responsabele fir Qualitéitskontrollen am Wäibauinstitut ass zanter aacht Deeg den neien Direkter vun der Vinsmoselle an domadder de Nofollger vum Patrick Berg, deen d'Genossenschaftskellerei schonn am August zejoert verlooss huet.

Déi ganz Gamme iwwerkucken

Dem André Mehlen no misst ee sech am aktuelle Kontext froen, ob déi vill verschidde Gammen u Produiten nach Sënn maachen oder op net besser wier, ze reduzéieren. D'Vinsmoselle kéint bei der Qualitéit sécher mat de Privatwënzer mathalen. Mä "Haut de Gamme" eleng géif bei de Vinsmoselle awer kee Sënn maachen, sou eisen Invité vun der Redaktioun. Dofir géif een ze vill produzéieren.

Sécher wier, datt een déi ganz Gamme iwwerkucke misst. Et misst kloer ginn, firwat d'Domaines Vinsmoselle stinn.

Aus den Tensiounen zejoert an dem verluerene Marketingprozess géint d'Privatwënzer wéinst der geplangter Ëmbenennung a "Les vignerons de la Moselle", déi schlussendlech viru Geriicht gekippt gouf, hätt een, dem neien Direkter no, bei der Vinsmoselle geléiert. Do géif hie sech den Ament keng Gedanke maachen.

An Zukunft nei Saache probéieren

Déi grouss Genossenschaftskellerei Domaines Vinsmoselle nei auszeriichten, géif een net vun haut op muer hi kréien. Dem ass sech och de geléierte Mikrobiolog bewosst. Hien huet d'Vinsmoselle e Mëttwoch de Moie mat engem groussen Dampfer wéi der Titanic verglach, déi eng Kéier misst maachen. E klengt Motorboot, dat ee séier gedréit kritt,  wier et op alle Fall net. Bei sou enger grousser Struktur kéint een awer och mol nei Saache probéieren, ouni e gréissere Risiko anzegoen. An dat sollt een, dem André Mehlen no, och op alle Fall maachen.

D'Vinsmoselle hätt sech beispillsweis viru Kuerzem mat zwee Produiten an den alkoholfräie Wäi lancéiert. Demande duerno géif nämlech klammen.

Och dorobber géif ee sech astellen. Zueleméisseg géif ee vun Challengë wéi dem "Dry January"- wou also Leit dee ganze Januar keen Alkohol drénken - bis ewell allerdéngs nach näischt mierken.

Klimawiessel: Et weess een nach net genee, wou et higeet

De Klimawiessel wier eng grouss Fro fir d'Lëtzebuerger Wënzer wou een den Ament nach net wéisst, wou et géif higoen. Déi grouss Wiederextremer wiere besonnesch problematesch. Laang Dréchephasen, an dann awer nees vill Reen op ee Coup, respektiv awer nach Joren, déi nees méi kill sinn. Do wier et schwéier virauszegesinn, wéi eng Riefzorten een am beschten uplanze soll.

D'Schwankung tëscht waarm a kal wiere grouss. Sécher géifen d'Wäisswäiner doduercher en anere Charakter kréien a roude Wäi géif ëmmer méi zu enger weiderer Optioun ginn.

Och de Wäibausecteur huet mat der Inflatioun ze kämpfen. Besonnesch bei de Produktiounskäschten, déi geklomme sinn. Fir Fläschen, Glas oder Stëpp zum Beispill. Hei misst ee kucken, wou ee spuere kéint, grad wéi op den dräi verschiddene Produktiounssitten och.

Géint eng weider Verschäerfung vun den europäesche Planzeschutzreegelen

Wat déi geplangte méi streng Planzeschutzreegele vu der EU ugeet, hofft den André Mehlen vun de Vinsmoselle, datt dat lescht Wuert nach net geschwat ass. Et géif een an enger Mono-Kultur schaffen, wou vill soll produzéiert ginn.
Do kéim een net laanscht verschidden Traitementer.

Invité vun der Redaktioun: André Mehlen

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.