E Mëttwochmoie koum et an der rue Nicolas Steffen-Pierret um Lampertsbierg zu engem Iwwerfall, bei deem e Jugendleche vun zwee Täter beklaut gouf.
Hie krut säin Handy a seng Kopfhörer ofgeholl, wéi och d'Chargeurskëscht vun de Kopfhörer. Dës weideren hunn d'Täter Sue gefuerdert, d'Affer hat allerdéngs keng dobäi. Duerno sinn déi zwee iwwer d'Avenue de la Faïencerie a Richtung Glacis geflücht. De Geschiedegten huet iwwerdeems Plainte deposéiert.
Déi zwee Verdächteg sollen tëscht 16 an 18 Joer al sinn, dënn an ongeféier tëschent 1,75 - 1,80 Meter grouss sinn. Si haten allen zwee däischter Kleeder un: Eng Joggingsbox, e schwaarzen Nike-Pullover mat Kaputz, eng Mutz, Händschen, Schong, e schwaarze Rucksak an eng däischtergro, respektiv däischterblo Stoff-Mask.