Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Iwwerregional Shopping-Destinatioun: "Outlet-Ville": Chance oder Risiko fir Iechternach?

Mam Projet "Outlet-Ville" wëll Iechternach sech als iwwerregional Shopping-Destinatioun etabléieren.

Geplangt ass awer kee groussen Outlet-Zenter op der grénger Wiss, mä kleng Marke-Butteker queesch duerch de Stadzentrum. Wéi a villen anere Stied ass och zu Iechternach d'Butteker-Stierwen eng Realitéit. 7.000 Metercarré Surface fir Commerce stinn am Iechternacher Zentrum aktuell eidel. Mat der Pandemie an dem Héichwaasser huet d'Situatioun sech nach emol verschäerft. Mam Projet "Outlet-Ville" soll bis 2024 erëm neit Liewen an d'Akafsstroosse ronderëm d'Abtei kommen.

De Buergermeeschter Yves Wengler (CSV) erkläert d'Iddi hannert dësem Projet:

"Wann eenzel Proprietären elo misste Marke kontaktéieren, da geet dat schif. Do muss een e Gesamtkonzept hunn. Mir hunn e Konzept ausgeschafft a fir dat elo ëmzesetzen, musse mir eng Gesellschaft grënnen. Déi S.A. ass e Bindeglied tëschent de Proprietären an de Marken."

Ganz konkret soll dës S.A. d'Surfacë laangfristeg lounen an dann, am Kader vun engem Gesamtkonzept, un interesséiert Marke weiderverlounen an de gemeinsame Marketing fir dësen Outlet assuréieren. D'Gemeng soll mat 51 Prozent Haaptaktionär an där Firma ginn. De Buergermeeschter ass vun dësem Businessmodell iwwerzeegt. Am Gemengerot krut hien de Seege vu bal alle Parteien. Nëmmen déi Gréng Oppositioun seet "Nee Merci!", ënnert anerem well déi SA eng 5 Milliounen Euro léine soll, fir de Projet ze lancéieren.

De grénge Gemengerot Christophe Origer spillt a senger Reaktioun op d'Erfarunge mam éiwege Projet vun der Petite Marquise un:

"Mir hunn an Iechternach leider d’Traditioun, dass mir eis als Gemeng dacks a Kontrakter verstrécken, déi eis duerno Milliounen Euro kaschten, a wou mir net méi draus erauskommen. Dacks ass dat de Fakt, wann d'Gemeng sech ëm eppes këmmert, wat net hire Service ass. Dat selwecht ass et hei. Ech mengen, et ass net un enger Gemeng fir an eng Société Anonyme ze klammen als Aktionär, fir duerno zesumme mat aneren Investisseure solle Geschäftsflächen ze geréieren."

Donieft gesinn déi Iechternacher Gréng et kritesch, dass de Buergermeeschter am Verwaltungsrot vun dësem Outlet-Zenter sëtze soll. Grad an enger Akafsstad kéint dat fir Interessekonflikter an eng ongesond Konkurrenz suergen. Dass al agesiesse Butteker duerch "Outlet-Ville" nach méi ënnert Drock gerode kéinten, déi Kritik léisst de Buergermeeschter net gëllen.

Den Yves Wengler ass sech sécher, dass jiddweree vun neien Attraktioune profitéiere kann:

"Dofir ass et och wichteg, dass mir e grousse Centre Commercial op der grénger Wiss maachen, mä dass mir deen am Stadkär hunn, tëschent deenen anere Geschäfter. Da ginn d'Leit duerch déi Stroossen, ouni ze gesinn, wou Outlet oder bestoende Commerce ass."

Et géif och scho villverspriechend Kontakter mat 20 "interessante" Marke ginn, virun allem aus dem Sport- an Outdoor-Beräich. Esoulaang wéi d'Kontrakter awer nach net an dréchenen Dicher sinn, wëll a kann een nach keng konkret Nimm kommunizéieren.