Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Iwwert de Weekend: 289 Neiinfektioune bei 2.139 PCR-Tester, 3 weider Doudesaffer

D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, ëm 3 op 1.168 geklommen ass.

D'Aktualiséierung vun de Coronazuelen enthält d'Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg a Sonndeg. Dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele matdeelt.

Aktuell si 19 Persounen hospitaliséiert, dovunner leien zwee Patienten op der Intensivstatioun. Am Ganze goufe bis ewell 1.292.347 Impfdosisse genotzt.

D'Reproduktiounszuel läit bei 1,06. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

D'Santé deelt ausserdeem mat, datt dobäi nach 2 Leit e Sonndeg positiv getest goufen, déi viru méi wéi 90 Deeg schonn emol eng Infektioun haten.

D'Statistike vun der Santé am Iwwerbléck