D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, onverännert bei 1.127 bliwwen ass.
D'Aktualiséierung vun de Coronazuelen enthält d'Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg a Sonndeg. Dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele matdeelt.
Aktuell sinn aacht Persounen hospitaliséiert, dovunner läit ee Patient op der Intensivstatioun. Iwwert de Weekend ass keng Persoun a Verbindung mam Virus gestuerwen. Am Ganze goufe bis ewell 1.290.470 Impfdosisse genotzt.
D'Reproduktiounszuel läit bei 1,15. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.
De Positivitéitstaux louch e Sonndeg bei 4 Prozent. Vun 326 PCR-Tester waren der e Sonndeg 13 positiv. E Samschdeg goufen 101 Persoune positiv getest, e Freideg waren et der 185.
D'Statistike vun der Santé am Iwwerbléck