Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Iwwert de Weekend: 390 Corona-Infektioune bei 1.863 PCR-Tester

D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, onverännert bei 1.127 bliwwen ass.

D'Aktualiséierung vun de Coronazuelen enthält d'Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg a Sonndeg. Dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele matdeelt.

Aktuell sinn néng Persounen hospitaliséiert, dovunner läit kee Patient op der Intensivstatioun. Iwwert de Weekend ass keng Persoun a Verbindung mam Virus gestuerwen. Am Ganze goufe bis ewell 1.290.624 Impfdosisse genotzt.

D'Reproduktiounszuel läit bei 1,18. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

De Positivitéitstaux louch e Sonndeg bei 3,95 Prozent. Vun 330 PCR-Tester waren der e Sonndeg 13 positiv. E Samschdeg goufen 153 Persoune positiv getest, e Freideg waren et der 224.

D'Statistike vun der Santé am Iwwerbléck