D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, ëm eng op elo 1.131 geklommen ass.
D'Aktualiséierung vun de Coronazuelen enthält d'Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg a Sonndeg. Dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele matdeelt.
Aktuell sinn 19 Persounen hospitaliséiert, dovunner leien zwee Patienten op der Intensivstatioun. Iwwert de Weekend ass eng Persoun a Verbindung mam Virus gestuerwen. Am Ganze goufe bis ewell 1.290.782 Impfdosisse genotzt.
D'Reproduktiounszuel läit bei 1,31. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.
De Positivitéitstaux louch e Sonndeg bei 8,22 Prozent. Vun 353 PCR-Tester waren der e Sonndeg 29 positiv. E Samschdeg goufen 283 Persoune positiv getest, e Freideg waren et der 442.
D'Statistike vun der Santé am Iwwerbléck