Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Jean Asselborn am RTL-Interview: Mir si mam Wladimir Putin an enger geféierlecher Welt

Am Moiesjournal op RTL Lëtzebuerg huet sech de Lëtzebuerger Ausseminister zu der russescher Annexioun vun ukrainesche Gebidder geäussert.

De Jean Asselborn am RTL-Interview

Am Moiesjournal um Radio huet de Jean Asselborn gemengt, de Wladimir Putin wier a senger Welt, enger geféierlecher Welt, wou "Onrecht zu Recht a Ligen zu Wourechte" géife ginn a Krich zum Alldag gehéiert. D'Annexioune wieren immens perfid a géint all Reegele vum internationale Recht.

Eng Eskalatioun mat Atomwaffe géif kee wannen. Den Asaz vu chemesche Waffen am Krich hält de Jean Asselborn dogéint fir "net onwarscheinlech". Dat wier an der aktueller Situatioun, an där de Kremlchef géif ëm sech schloen, net onméiglech.

Méi e séieren Nato-Bäitrëtt vun der Ukrain an der Nato gesäit och de Lëtzebuerger Ausseminister kritesch. Et wier onméiglech, e Land opzehuelen, dat am Krich ass. De Weste misst weiderfuere mat Sanktiounen an Hëllef fir d'Ukrain. En Unzeeche fir Verhandlunge wiere leider den Ablack net do. Vertrauen och net.