© Didier Weber / RTL
Um Kierchbierg nieft der Cour des comptes kënne 500 bis 600 Leit a beheizten Zellstrukturen ënnerkommen.
Wéi den Ausseminister Jean Asselborn op enger Pressekonferenz annoncéiert huet, ass dat néideg, well a ganz Europa d'Zuel vun de Refugiéë staark an d'Luucht gaangen ass.
En neit Phenomen och hei am Land ass, datt ëmmer méi Mineuren eleng kommen. Rieds ass vu 47 Kanner ënner 8 Joer. De Chiffer vun de Refugiéeën, déi all Mount op Lëtzebuerg kommen, läit den Ament iwwer 300.
© Didier Weber / RTL
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.