Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Kaderwalprogramm presentéiert: "Déi Gréng sinn eng Zukunftspartei"

Dat war d'Ausso e Mëttwoch de Moie bei der Presentatioun vum grénge Kaderwalprogramm fir d'Gemengewalen den 11. Juni.

D'Co-Parteipresidenten hu mat 8 anere Spëtzekandidaten 10 programmatesch Schwéierpunkten a verschidde Mesuren an de Mëttelpunkt gestallt.

Flëss renaturéieren, Waasser-Infrastrukture méi resistent géint staarke Reen an Iwwerschwemmunge maachen, Kreeslafwirtschaft fërderen, d’Schoul an d’Kannerbetreiung sou strukturéieren, datt eng fräiwëlleg Ganzdagsschoul méiglech gëtt. Dat sinn e puer vun den Iddien, déi d’Vertrieder vun déi gréng ervirgestrach hunn.

De Meris Sehovic, Co-Parteipresident vun déi gréng: "Mir proposéiere konkreet zum Beispill an all Gemeng, wou mer an der Responsabilitéit sinn, e BiergerInnerot anzeféieren, dee representativ ass vun der Gesellschaft an der Gemeng, dee ka saiséiert ginn, vum Schäfferot, fir ebe grouss Decisiounen, grouss Projeten ze begleeden an och ganz konkreet, de BiergerInnen-Budget zum Beispill, wou mer en Deel vum Budget reservéieren, fir Projeten, déi d'Biergerinnen an d'Bierger selwer proposéieren, fir hiert Ëmfeld ze verbesseren, fir d'Zesummeliewen an der Gemeng ze verbesseren."

D’Partei huet dëst Joer a 36 Gemengen eege Lëschten, par rapport zu 2017 sinn Helperknapp a Steesel dobäi komm. An de Gemengen Helperknapp, Kielen a Monnerech sinn et awer keng komplett Lëschten. Fraen a Männer si bal d’selwecht vill vertrueden, mat gutt 51 Prozent ginn et nëmme liicht méi Kandidate wéi Kandidatinnen.

D'Djuna Bernard, Co-Parteipresidentin vun déi gréng: "Do si mer ganz houfreg drop an natierlech ass et awer grad dëst Joer och wichteg mat villen Net-Lëtzebuerger, déi kënne mat wielen, dass ee se net nëmme mat wiele léisst, mee datt se och op de Lëschten an an der Demokratie vertruede sinn an datt se eppes matzeschwätzen, datt se en Deel si vun der Gestaltung vun eiser Gesellschaft an natierlech och politesch Meenunge representéieren an deem entspriechend si mer ganz houfreg, datt 73 Mënschen op eise Lëschten, déi net Lëtzebuerger sinn, an dann eng Kéier an déi 80, déi eng duebel Nationalitéit hunn."

Domat läit d'Partei effektiv am noosten un der Paritéit, den Zuele vum Inneministère no kommen duerno déi Konservativ mat gutt 47 Prozent Fraen an dann déi Lénk mat knapp 46.

Aktuell sinn déi gréng an 11 Gemengen an der Verantwortung, zu Déifferdeng stellt d’Partei d’Buergermeeschtesch, zu Beetebuerg, Esch, Gréiwemaacher, Käerjeng, Sandweiler, Schëffleng, Schëtter, Stengefort a Walfer ass se am Schäfferot vertrueden.

De Meris Sehovic: "Do wou déi gréng an der Verantwortung sinn, dat hu mer an deene leschte sechs Joer gesinn, hu mer Klimaschutz, hu mer Biodiversitéitsschutz, hu mer douce Mobilitéit, sécher Vëlosweeër, eng gutt Infrastruktur zur absolutter Prioritéit erkläert. Ech selwer komme vun Esch, mir hunn ënnert grénger Bedeelegung Esch zur Haaptstad vun der Transitioun gemaach, wou mer an deene leschte sechs Joer zum Beispill d'Solarenergie vervéierfacht hunn op de kommunale Diecher."

Duerch Kontrakter wéi den Naturpakt an de Klimapakt géingen de Gemengen engersäits finanziell Mëttel an anerersäits och Berodung zur Verfügung stoen, fir déi Prioritéiten ëmzesetzen.

Déi staark Iwwerschwemmunge virun 2 Joer hätte gewisen, datt d'Waasserinfrastrukturen dacks net adaptéiert wieren, sou d'Jessie Thill, Deputéiert a Schäffin vu Walfer:

"Well mer an deene meeschte Gemengen awer nach virun allem bei deene méi ale Reseaue Mëschkanal hunn, déi dann am Fall vun engem Staark-Reen-Event iwwerlaascht sinn, an esou, dass eeben d'Leit, privat Leit doheem e Réckstau vu Schmotzwaasser an d'Haus kréien. Do musse mer investéieren als Gemengen, engersäits natierlech an den neie Quartier, wou et obligatoresch ass fir en Trendsystem ze leeën, awer och an eisen ale Quartiere musse mer beim Bestand norëschten, do eis méi resilient maachen, och a "RUPen", a Regen-Überlauf-Becken investéieren. Jo, dat sinn deier, laang an onbeléift Chantieren, mir maache grad den Exercice zu Walfer op der Route de Luxembourg, do stoung der vläicht schonn am Stau. Mee dat sinn awer Chantieren, déi immens wichteg sinn."

Aner Schwéierpunkte vun déi gréng fir d'Gemengewale sinn ënnert anerem d'Kreeslafwirtschaft fërderen, méi Biergerbedeelegung z'institutionaliséieren a klimaneutral Gemengen.