Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Käerjeng: Aarbechten am Bobësch hunn ugefaangen

D'Biergerinitiative vun der Gemeng Suessem wiert sech jo dogéint, dass wéinst dem Käerjenger Contournement solle Beem ewechkommen.

De Sträit ass zum Deel viru Geriicht. D'Aarbechten, déi en Donneschdeg ugefaangen hunn, hätten och näischt mat der geplangter "Emgehungsstrooss" ze dinn, soen d'Ponts et Chaussées. D'Biergerinitiativ ass do anerer Meenung a gesäit en Zesummenhang mam ëmstriddene Projet.

Bei dësen Aarbechte geet et ëm eng nei Gasleitung, déi an d'Zone d'Activité Bommelscheier soll geluecht ginn, seet Pont et Chaussée. Do dernieft soll den CR110 méi breet gemaach ginn a laanscht d'Säiten eng Vëlospist an en Trëttoir kréien.

D'Biergerinitiativ seet dogéint, datt d'Ofholzarbechten iwwert 3 Ecken nawell mam geplangte Contournement ze dinn hunn. Datt d'Gasleitung genee op där Plaz verluecht gëtt, géing mat de Pläng fir de Contournement zesummenhänken. E weidert Puzzelstéck am Dossier Contournement wier eng geplangte Wëldbréck, iwwert déi den nächste Méinden um Verwaltungsgeriicht soll verhandelt ginn.

Den nächste Samschdeg sollen di grouss Beem ëmgehae ginn. D'Biergerinitiativ plangt dowéinst Moies eng gréisser Protestaktioun am Bobësch.