Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Kafkraaft: D’Akommes ginn an d’Luucht, mee d’Logementskäschte klamme méi séier

Dës Woch stinn d'Finanzen an d'Kafkraaft am Fokus vun eiser Themewoch en vue vun de Chamberwalen.

De Revenu disponible réel ass pro Kapp iwwer déi lescht véier Joer zanter 2019 trotz der héijer Inflatioun netto ëm 1.839 Euro geklommen. Dat weise Berechnunge vum Statec. Doraus geet ervir, datt d’Augmentatioun vum Revenu duerch d’Indextranchen de Kafkraaftverloscht duerch d’Inflatioun net vollstänneg kompenséiert.

Paie klammen onofhängeg vum Index

Datt dat reaalt verfügbaart Akommes trotzdeem geklommen ass, läit dodrun, datt d’Paien iwwer d’Indexatioun eraus an d’Luucht gaange sinn, op de Kapp gerechent ëm méi ewéi 3.000 Euro iwwer véier Joer.

Dës Berechnunge baséieren op de reellen Donnéeë vun der Steierverwaltung an der IGSS, erkläert den Tom Haas. Déi kal Progressioun vun de Steieren, déi doduerch entsteet, datt d’Steiertabell net un d’Inflatioun ugepasst gëtt, ass deemno berécksiichtegt. Dës Entwécklung, déi méi héich Paien, féiert och dozou, datt d’Leit méi Steiere bezuelen. D’Steieropkommes fir de Staat geet net just doduerch iwwer déi lescht Joren an d’Luucht, mee och well den Emploi weider klëmmt, also méi Leit besteiert ginn.

Net jidderee kritt d’Nämmlecht vill

Och wann een d’Analys pro Stot mécht, ass d’Kafkraaft iwwer déi lescht véier Joer trotz der héijer Inflatioun geklommen. Dat gëllt esou wuel an der Moyenne fir all Stéit, mee och an der Moyenne fir déi verschidden Akommeskategorien, wéi den Tom Haas vum Statec erkläert.

«Bei deene Stéit mat dem niddregsten Akommes, dem éischte Quintile, läit de Kafkraaftgewënn bei knapps 400 Euro. Beim zweete Quintile beleeft e sech schonn op 1.700 Euro an dat geet dann erop duerch d’Quintillen bis an deen ieweschte, wou een dann e Kafkraaftgewënn huet vun iwwer 7.000 Euro, par rapport zu virun der Pandemie, also 2019.»

D’Tripartitemesuren hu bei deene niddregen Akommes gewierkt

An deene Montante sinn d’Mesurëvun deene verschiddenen Tripartitten dra berécksiichtegt.

«Ouni déi Mesuren hätt een effektiv e Kafkraaftverloscht gehat, virun allem am éischte Quintile, dat heescht, bei deene Stéit, déi zu deenen 20 äermsten Prozent gehéieren, do hätt een negativ Evolutioun vun der Kafkraaft gehat. Bei all deenen aneren Quintilen wier d’Entwécklung zwar positiv gewiescht par rapport zu 2019, awer manner héich. Dat heescht, datt déi Mesurë sech op all d’Quintile vun de Menagë positiv ausgewierkt hunn.»

Datt déi Stéit mat den héijen Akommes méi u Kafkraaft gewonnen hunn, dat läit do drun, datt eng Indextranche op enger héijer Pai méi ausmécht, wéi op enger niddreger.

Stéit mat méi niddregem Akommes struewelen trotzdeem

Datt virun allem Stéit mat méi niddregen Akommes struewelen, fir d’Enner beieneen ze kréien, läit un de Logementskäschten.

An der Gewiichtung vum Index-Wuerekuerf maachen d’Logementskäschte ronn 16 Prozent aus; Dat setzt sech zesummen aus de Loyeren (sechs Prozent) an de Niewekäschte wéi Stroum, Hëtzes a Waasser (zéng Prozent). D’Entwécklung vun den Immobiliëpräisser an der Vente ass am Wuerekuerf guer net berécksiichtegt, wéi den Tom Haas erkläert.

Wuerekuerf spigelt Ausgaben net

Deene neisten Donnéeën iwwert de sougenannten «Taux d’effort» no ginn awer virun allem déi niddreg Akommesklassen vill méi fir de Logement aus. 2019 hunn d’Locatairen aus der niddregster Akommesklass, dem ënneschte Quintile, d’Hallschent, also 50 Prozent, vun hirem Budget fir Logementskäschten ausginn. Am zweete Quintile waren et ëmmerhin nach iwwer 36 Prozent am Verglach mat deene 16 Prozent, déi am Wuerekuerf virgesi sinn.

Just bei deenen 20 räichste Prozent vun de Lëtzebuerger Stéit loungen d’Ausgabe fir de Logement souwuel bei de Locataire wéi bei de Proprietäre mat engem Prêt bei ënner 20 Prozent vun hirem disponibelen Budget. D’Gewiichtung vun de Logementskäschten am Index-Wuerekuerf, dee fir d’Berechnung vun der Inflatioun benotzt gëtt, entsprécht deemno net där an de reelle Ausgaben vun de Stéit.

Logementskäschte staark geklommen

«Rezent sinn déi nei Loyere staark geklommen, déi sinn iwwer eelef Prozent geklommen», seet den Tom Haas, domat gemengt sinn déi nei Kontrakter. Bannent de bestoende Kontrakter sinn d’Loyeren net vill an d’Luucht gaangen. Zanter 2019 sinn d’Loyeren insgesamt deemno ëm siwe Prozent geklommen.

Fir de méi laangfristege Verglach: Zanter 1995 ass de Revenu disponible ëm 36 Prozent geklommen an d’Loyeren ëm 77 Prozent.

Wann ee berécksiichtegt wéi d’Realakommes sech entwéckelt huet, esou den Tom Haas, da wier: «Déi real Hausse vun den Immobiliëpräisser (...) zanter 2019 awer ëmmer nach plus 17 Prozent. A par rapport zu 1995 läit déi Hausse souguer bei iwwer 175 Prozent».

Wéi wierkt sech d’Hausse vun den Zënsen aus?

Dobäi kënnt, datt déi Europäesch Zentralbank d’Leetzënsen ugehuewen huet an d’Immobiliëkreditter zanterhier méi deier gi sinn. An der Statec-Berechnung vum Prokapp-Realakommes iwwert déi lescht véier Joer ass dës Entwécklung och berécksiichtegt.

Den Tom Haas seet: «Do ass et esou, datt dat bei eenzel Menagë ganz vill ausmécht. Do ass een da séier bei 3.000 bis 4.000 Euro zousätzlechen Depensë fir déi Menagen, déi en Immobiliëprêt mat Taux variable hunn. Déi maachen awer wéineg aus, am Verglach mat all de Stéit, sou datt an der Moyenne den Impakt vun den Zënshaussen relativ limitéiert ass.»

Glossaire

Mam Realakommes oder dem Revenu disponible réel sinn d’Einnahmen minus Ausgabe vum Stot gemengt, also op där enger Säit d’Paien oder Pensiounen, d’Sozialleeschtungen, Kapitalrevenuen, zum Beispill Loyeren oder Dividenden an op där aner Säit d’Kotisatiounen fir d’Gesondheets- an d’Pensiounskeess, Steieren, den Impakt vun der Inflatioun.

D’Kafkraaft ass dat, wat ee sech vu sengem Realakommes ka leeschten.
Déi kal Progressioun an der Steiertabelle entsteet, wann d’Paien duerch den Index an d’Luucht geet, an doduerch den Taux, mat deem se besteiert gëtt, steigt, well d’Tauxen an der Steiertabell net un d’Inflatioun ugepasst ginn.

D’Quintilen sinn e System, fir d’Stéit a fënnef gläich grouss Gruppen (jeeweils 20 Prozent) anzedeelen. Nämlech, déi 20 Prozent vun de Stéit mat den niddregsten Akommes, déi 20 Prozent mat zweetniddregsten Akommes, an esou weider. D’Grenz tëscht dem éischten an dem zweete Quintile läit de Moment bei engem Akommes pro Persoun vu ronn 2.600 Euro de Mount. Vun 3.600 Euro un, ass een am drëtten oder mëttelste Quintile. D’Grenz an de véierte Quintile läit bei 4.700 Euro Akommes de Mount an de fënneften an ieweschte Quintile fänkt bei 6.100 Euro Revenu pro Persoun am Stot un.

Mam Taux d'effort gëtt gemooss, wéi vill Prozent vu sengem Budget e Stot fir d'Logementskäschte muss ausginn.