Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Kahlschlag ouni Geneemegung beim Schumannseck: Den Untersuchungsriichter saiséiert Holz an Unhänger

Kuerz virum Schumannseck an der Gemeng Wolz goufen illegal annerhallwen Hektar Bësch ofgeholzt, d’Affär läit beim Untersuchungsriichter zu Dikrech.

Anescht wéi fir den normale Bierger dierf deen, deen a senge Bëscher richteg Holzwirtschaft bedreift, dat ganzt Joer iwwer dra schaffen a Beem ëmhaen. Allerdéngs, an déi Reegel gëllt fir jiddwereen, dierfe just 50 Ar ouni Geneemegung ofgeholzt ginn. E Privatmann a Bëschbesëtzer aus Sankt Vith mat enger Firma, déi eng Adress zu Lëtzebuerg huet, gouf elo vum Untersuchungsriichter gestoppt, well en illegal annerhallwen Hektar gehaen huet.

Holz – Bamstämm déi emol Fichte waren - an Unhänger goufen op Uerder vum Untersuchungsriichter saiséiert. Wann een d’N12 eropfiert a Richtung Schumannseck, fält engem wuel op, dass do ferm Bëschaarbechten amgaange sinn, mee a wéi engem Ausmooss hei e Kahlschlag gemaach gouf, gesäit een nëmme vun uewen.

RTL

© Domingos Oliveira

Kahlschlag vun annerhallwen Hektar ouni Autorisatioun

Esou eng Aktioun misst bei der Naturverwaltung ugefrot ginn, erkläert de Maître Daniel Baulisch a preziséiert, dass eng Autorisatioun vum Environnement awer nëmmen dann néideg wier, wann ee méi ewéi 50 Ar Bësch wëllt haen. Hei wieren annerhallwen Hektar ofgeholzt ginn ouni Geneemegung a wann de Parquet hei direkt reagéiert a beim Untersuchungsriichter freet, dat Holz ze saiséieren, wier eng séier a richteg Decisioun.

Den Affekot wunnt hei an der Géigend an hat iwwer säin Job zu Dikrech scho méi wéi eemol mat esou Infraktiounen ze dinn. D’Gesetz spillt och hei fir jiddwereen, monéiert den Daniel Baulisch an esou en Akt wier nun emol eng Strofdot. Et géif ee mierken, dass esou Infraktiounen opkéimen. No 20 Joer um Geriicht géif hien zäitweis sougenannt "gréng Affären" matkréien, Ëmweltdelikter, déi mat Erfolleg poursuivéiert géifen – de Message wier hei kloer: loosst esou eppes besser sinn.

Duerch d’Naturschutzgesetz hätt den zoustännege Fierschter d’Kompetenz, z’iwwerwaachen, ob dat, wat geschitt, och legal ass. Ënner 50 Ar ass e Kahlschlag, wéi gesot, och ouni Geneemegung machbar, mee dann ass Pilo.

"Et wier ubruecht an ech mengen, dat ass och d’Praxis, dass de Fierschter op d’Plaz geet a freet: wat maacht dir hei? A wann e feststellt, dass een iwwer déi 50 Ar erausgeet, dann ass et jo kloer, dass en nokuckt, ob eng Autorisatioun vum Minister do läit, a wann dat net de Fall ass, misst en deen direkt stoppen. Mee hei gesäit et esou aus, wéi wa scho vill Schued geschitt ass an et war ze spéit, fir ze stoppen. D’Holz louch eben hei an da bleift keen anere Wee, wéi et ze beschlagnamen", sou d’Conclusioun vum Maître Baulisch.

RTL

© Domingos Oliveira

Handlungsfräiheet - JO - mee nëmmen am Kader vum Gesetz

De Winfried von Loë vun der ASBL Lëtzebuerger Privatbësch ass och net grad begeeschtert vun dëser Aktioun, preziséiert awer, dass de Bëschbesëtzer eng Privatpersoun ass, déi, wa se vum Staat eppes wëllt hunn, och mam Staat muss a Kontakt trieden. Allerdéngs bräicht hien net fir all "Durchforstung" vu senger Parzell eng Demande ze man, och net wann hien eppes uplanzt. A sengen Decisioune wier de Proprietär fräi, awer just esoulaang wéi hie sech un d’Gesetz hält. An dat wier an dësem Fall de Problem, sou de Winfried von Loë: hei hätt eng Demande misste gemaach ginn, wat net de Fall gewiescht wier an deemno wier dat ganzt illegal.

E Proprietär misst iwwer d’Problematik vum Kahlschlag Bescheed wëssen; dee Fall hei wier krass, mee et géif och manner bekannt Reegelen, déi de Bëschbesëtzer alt emol kéinten iwwerfuerderen, well en net Bescheed wéisst. Dat waren eng Kéier gesond Fichten, deenen hiert Holz elo wéinst dem Borkenkäfer verdréchent an ofgestuerwen ass. Mee e masseweist Ëmhaen ouni Krop ass der Naturverwaltung no, och bei doudege Beem, illegal.