Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Kampf géint d'Drogekriminalitéit: Zwou Festnamen no Kontroll am Garer Quartier

Wéi d'Police mellt, koum et an der Nuecht op e Mëttwoch, respektiv e Mëttwoch den Owend zu enger Kontroll am Stater Drogemilieu.

An der Nuecht vun en Dënschdeg op e Mëttwoch sinn de Beamte wärend enger Sécherheetskontroll zwee Männer am Stater Garer Quartier opgefall, bei deenen d'Drogekonsumente Schlaang stoungen. Wéi d'Poliziste stoe bliwwen sinn, fir d'Personalien ze kontrolléieren, huet ee vun de Männer versicht fortzelafen. Hie konnt gestoppt ginn. Bei engem vun deenen zwee gouf e Sachet mat 29 Kokainbulle sécher gestallt, bei deem anere Boergeld an Héicht vu bal 300 Euro souwéi en Telefon. De Parquet gouf informéiert, deen ordonéiert huet, datt de Mann mat den Drogen an der Täsch soll festgeholl ginn. Den anere Mann krut eng Plainte wéinst Wäisswäsche vu Suen an dem Verstouss géint Betäubungsmëttelgesetz. Bei der Persounekontroll koum donieft nach eraus, dass sech d'Männer illegal am Grand-Duché opgehalen hunn an déi zoustänneg Autoritéite goufen informéiert.

Bei enger weiderer Drogekontroll e Mëttwoch den Owend, och am Stater Garer Quartier, ass et der Police gelongen, e presuméierten Drogendealer ze stellen. Hie war de Beamten an der Avenue de la Liberté duerch säi Behuelen opgefall. Hie stoung mat engem Drogekonsument kuerz virun engem Deal. Déi zwee verdächteg Persoune si weider getrëppelt, iwwerdeems et zur Iwwergab koum. D'Beamte konnte beobachten, wéi de presuméierten Dealer dobäi eppes aus dem Mond geholl an iwwerreecht huet. Si goufe vun de Poliziste gestoppt. De Client huet gestanen an huet de Beamten d'Wuer ginn - eng Bull Heroin. Den Dealer huet sech iwwerdeems wollten aus dem Stëbs maachen, konnt awer an der Rue St. Zithe agefaange ginn. Hie gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum an d'Spidol, fir do op weider Drogen ënnersicht ze ginn. 10 Friemkierper goufen am Daarm entdeckt. Bei der Fouille gouf dunn och nach Boergeld séchergestallt. D'Drogen an d'Sue goufe saiséiert. De Mann koum den Dag drop virun den Untersuchungsriichter, deen en Haftbefeel ausgeschwat huet. Hie koum kuerz drop op Schraasseg.